Donnerstag, 19. Dezember 2019

Kammermusek um Krautmaart.

Kammermusek um Krautmaart.

Et si schonn iwwer siwwenzeg Joer hier, dat mer op de Trapp fir um Haus, op Radio Saarbrécken de Wonschconcert gelauschtert hunn.
Dat huet eis deemools ee Gefill ginn, op eng besser Zukunft!
De Budget fir 2020, gëtt dem Vollek duer gestallt wéi ee grousse Wonsch, datt an de Firwellstut, datt dran ass wat de Bierger sech gewënscht  huet!
Wann an de Firwelstut awer nëmmen Wuelgefiller dra sinn an dës Wuelgefiller dem Bierger sollen hëllefen fir seng schlecht Gefiller vum Bierger sollen ofbauen!
De Budget 2020, ass tatsächlech eng Firwelstut!
Et ass keng Freed, wann ee wës  wat an deene schéi verpaakte Kaddoen ënnert dem Chrëschtbeemchen, dran ass!
Villäicht muss een de Kaddo ëmtauschen goen!
Dat geet beim Budget 2020 net! De Budget ass vun der Deputéierterkummer mat 31 zou 28 Stëmmen gestëmmt ginn! Basta!
Ween am meeschten an senger Firwelstut dran huet, déi Räich oder déi Aarm, interesséiert déi 31 Deputéiert net!
Dofir kréien anerer méi eng grouss Firwelstut!
Dat ge schäers an de Kummer um Krautmaart, héiert sech  un wéi Geräischer am Päerdsstall!
Am Päerdsstall vun menger Partei gëtt am meeschten geschäert! 
Laut dem Ausseminister sinn dem Wirtschaftsminister seng Batterie eidel!
Wat den Ausseminister net weess, dem Wirtschaftsminister huet Akkuen, déi een nëss oplueden kann!
Och een Ausseminister ka net alles wëssen!
Dee neien Wirtschaftsminister kënnt aus de LSAP-Fraktioun an huet seng Stagezäit hannerun sech an huet dat néidegt Gepäck fir Wirtschaft vun de Regierung an sengem Rucksak!
Deen Fraktiounschef vun de LSAP geet an de Staatsrot! Wat hien sech mat vill schaffen fir LSAP an fir Land, och verdéngt huet!
An eng Genossin soll no iwwer véierzeg Joer nom Lydi Schmit, Presidentin vun de LSAP ginn!
An wien réckel no an Kummer um Krautmaart?
Et gesäit aus wéi wa bei enger Partie Schach, Schachbriet vun de LSAP mat de Figuren op de Buedem gefall wär!
Esou wéi ech an al deene Joeren, meng LSAP kënnen ge léiert hunn, sëtz LSAP  nës Figuren op déi richteg Plaz.

Schéi Feierdeeg wënscht de Blogger al de Bierger déi un LSAP gleewen!

Jean Bodry den 20. Dezember 2019.

 

Keine Kommentare:

Kommentar posten