Mittwoch, 27. November 2019

Et war säi Leeschten.

Kreatioun vun enger Blumm.

Esou niewe bäi gesot.

Et war säi Leeschten. 

Elo ass Schluss! Et war dem André Roeltgen säi leeschten Nationalvirstand, als President vum OGB-L.
Meng net, datt deng Gewerkschaft Aarbecht domadder zu Een wär!
Däi Rucksak voll mat Problemer vun Ongläichheeten aus eiser Gesellschaft, geschafft vun de neoliberaler Regierungspolitik!
Dat vun de Gesellschaft erschafftem méi Kapital, gëtt zu Lëtzebuerg schlecht verdeelt!
Elteren sollen hirer Kanner Zelter kafen, wou se spéider mat hirer Famillje kënnen dra zelten!
Wunnegen kafen oder lounen, ass fir déi Räich! Wunnengen déi Ëmweltfrëndlech an Klima neutral sinn, kënnen sech déi un der Aarmutsgrenz net méi leeschten!
Déi ënner de Aarmutsgrenz liewen ginn zu Asylanten an de Groussregioun!
Meng Texter eegenen sech net fir romantesch Filmer ze dréinen!
Si beschreiwen Realitéit vun eiser Gesellschaft!
Eis Gesellschaft ass um Wee, wou Rentner an den Aarmut rutschen!
Eng Gesellschaft, wou Kanner per Gesetz mussen virun de Aarmut geschützt ginn. Esou eng Gesellschaft, huet keng Sozial Oder.
Esou eng Politik kann vun enger Fräier Gesellschaft net toleréiert ginn!
Esou niewe bäi gesot. Eng Besserung ass net an Aussicht!
André, esou niewe bäi gesot, däi Rucksak gëtt am Laf vun de Joeren net méi licht.
De 6. Dezember hunn ech Gebuertsdag, da wënschen ech de Kolleegin Nora Back alles Guddes an senger neier Verantwortung, dat mer  an Zukunft zu Lëtzebuerg keng Sozial Butteker méi brauchen!
Kolleegin Nora, esou niewe bäi gesot, looss där net méi an déi Rucksak lueden, wéi de pack s.
Eng gutt Zukunft an déi beschten Gesondheet wënscht  iech Zwee.

De Jang.

Jean Bodry den 27. November 2019.

Keine Kommentare:

Kommentar posten