Donnerstag, 28. November 2019

Um Diddelenger Maart!

Alt Eisen.

Esou niewe bäi gesot.

 Um Diddelenger Maart!

Moien Chrëscht!
Moien Jang! An du kënns och nach, heiansdo op Diddeleng op Maart!
Hei begéinen ech mol nach Leit, wou ech kënnen!
Ech kafe mer ëmmer véier Mettwurschten an  Geessekéis!
Esou niewe bäi gesot! Du hues dech nach gutt gehalen, fir däin Alter!
Chrëscht! Verpakung, awer bannendran?
Jang! Do gouf dach eemol gesot, dat datt nei Grondgesetz géif op Lëtzebuergesch geschriwwen ginn!
Chrëscht, dat ass net esou einfach!
Wéi dann, Jang!
Déi véier Parteien an de Chamber ginn sech net eens. Op Constitutioun op Lëtzebuergesch mat engem "C" oder mat engem "K" geschriwwen geet!
Konstruktioun an Konscht gëtt dach och mat engem "K" geschriwwen! Eis Konstitutioun ass jo Konstruktioun vun eisem Grondgesetz!
Chrëscht! De Grond op dem eis Grondgesetz steet, ass Kräiz an Queesch gerass!
Jang! Vun deenen 29. Punkten, ass kee Punkt dobäi, datt Monarchie soll ofgeschaaft ginn!
Dat kënnt an déi nächst nei Konstitutioun stoen!
Esou niewe bäi gesot! Meng Groussmamm, ass de Meenung, Lëtzebuerg wär ee Schachbriet ouni Figuren!
Da kann och kee Schachmatt gesat ginn!
Chrëscht! De Bus ass do! Et huet mech gefreet dech erëm gesinn ze hunn!
Merci! Gläichfalls!

Jean Bodry den 28. November 2019


Keine Kommentare:

Kommentar posten