Dienstag, 19. Dezember 2017

Schréif wat dech dréckt. An denge véier Maueren!

Schreif war dech dréckt.

An denge véier Maueren!

Och! Wann s de mat dengem Schreiwen, so munchem vun dengen Matbierger op Féiss trëppelt!
Wann s du dat, wat du geschriwwen hues,  dech erliichtert!  An net an dech eran fréist!
Gesäit deng Meenungsfräiheet mat de Zäit aus, wéi eng gebake Bir!
Wann s de fäerts fir ze schwätzen, bréng dat wat der net geet an eiser Gesellschaft, zu Pabeier!
Kaf der een Schoulheft! Schreift al déi ëmfonnten Ongerechtegkeeten, déi an dengem Liewen net esou liewenswäert waren, wéi dat vir vill Aneren an eiser Gesellschaft de Fall war!
Aus dengem Gerechtegkeetsëmfannen, och dat gehéiert an däin Heft, wat s de gutt fënns, an däi Liewen liewenswäerter ge maacht huet!
Et geet ëmmer méi Leit, déi net méi kënnen Diskutéieren. Hir Méinung huet duerch dat eleng sinn, Sprooch verluer!
Vill leit déi Haut eleng. Oder an Altersheemer liewen. Sinn, déi véier Maueren an hirem begrenzten Liewensraum, hir Gespréichspartner!
Wann s de am Gespréich bass an véier Maueren deng Meenung sëss! Geet op eemol matten an dem Gespréich, mat de Maueren!  Dier vun dengem Zëmmer op. En Persoun freet dech!
Ass eppes!
Neen!
Dir geet nees zou!
Déi Ausserparlamentaresch Stonn ass eriwwer!
Wann déi Mënschen aus denger Ëmwelt, déi an dengem zougestanen  Liewensraum! Schwätzen mat Dir, fir verlueren Zäit klasséieren!
Hannerlooss, deenen déi drop waarden fir dech, no dengem Doud, ze beiewen!
Däin Heft, wou du alles wat negativ, awer och dat wat du positiv ëmfonnt hues! Dra geschriwwen hues!
Och wann se beim Notär, am beschten Fuedem sëtzen! An drop waarden, gewuer ze ginn!
Wat deen alen Iesel, an säi Testament geschriwwen huet!
Esou muncher een, geet mat engem laange Gesiicht, aus de Etüde vum Notär eraus!
An feststellt, dat deen alen Iesel. Net esou domm war, wéi dat ëmmer vun den Ieselen behaapt geet!
Bevir däi geschriwwenen Text verëffentlech geet! Musse nach déi grammatesch Feeler an de Falbrécken, reparéiert ginn!
Awer dann sinn se fir Ëffentlechkeet liesbar!
An dat wat du, de Schreiwer, een aneren Mënsch war, wéi dat esou doruechter gezielt ginn ass!
War net alles richteg! Awer villes vun deem wat hien geschriwwen  huet! War seng eegen Wuerecht!
Wuesst du dat?
Neen!
Ech och net!
Babbalukka!
   

Keine Kommentare:

Kommentar posten