Dienstag, 19. Dezember 2017

Firwat? Geet een geschleeft!

Firwat? Geet een schleeft.

Vun Leit déi an hiren anonymmen Kommentaren verëffentlechen. 

Dat ass eng Fro, déi ech mer an de Lescht oft stellen! Ech sinn kee Politiker, sinn net bäi de LSAP ugestallt! Sinn ee Bierger, deen seng Meenung schreift an se verëffentlecht, sief dat an sengem Blog oder an Kommentaren am "t"!
Ginn zou, datt meng geschriwwen Meenung, net bäi all Bierger gutt u kënnt!
Fir muncher Kommentator, sinn ech mat menger geschriwwener Wuerecht, wéi ee rout Duch!
Wëll ech Politik vun de LSAP fir richteg halen. 
Wann Lëtzebuerg soll fir Zukunft ob dat richtegt Gleis gesat soll ginn!
Da geet dat net ouni LSAP!
Ech mengen, de Bäitrëtt an eng Partei, ass net wéi wann een Member an engem Club géif ginn!
Hunn mech mat 18 Joer, fir LSAP, deen LAV an ech gouf Member vun Fräidenkerbond, an fir den Deckel op Dëppen ze maachen sinn ech och Member an der Societéit fir Anäscherung ginn!
Op dem Dësch mat deenen véier Stempelen, hunn  versicht mat engem Fanger, meng Texter an meng "Adler" op Pabeier ze tippen!
Ech sinn mat Iwwerzeegung, dee Wee den ech mer virgeholl ze goen, och gaangen!
Huet, esou muncher Bloder, un mengen Féiss produzéiert!
An deenen 68 Joer vun menger Memberschaft an de LSAP! 
War Liewen an de LSAP, alles anescht wéi eng Zockerstaang!
An esou enger laanger Zäit, wou ech Member an de LSAP sinn. Hunn ech all Fall vun de LSAP, an nës vun neiem op stoen vun de LSAP mat e lieft!
Et maach komesch Kléngen, et war ni LSAP déi Ursaach war. Wann ech Knëppel bäi Tromm wollt werfen!
Et waren ëmmer Klicken, déi sech an de Partei gebillt hunn! Fir Muecht an de Partei ënner sech op ze deelen! Dee mat den Iellebee alles aus de Féiss geschafft hunn, déi eng aner Meenung haten wéi si!
Ech mengen et geet an kenger politescher Partei hei zou Lëtzebuerg, eng Basis-Demokratie!
Sech mat de Meenung vun de Basis ausenaner ze sëtzen!
Einfach nëmmen no ze lauschteren, wat Fuessvollek engem wëll soen!
An ech hunn Impressioun, datt bis Haut sech näischt dorunner geännert huet!
Trotzdeem, géif ech de LSAP ni de Réck dréinen!
Ech waarden op nei Leit un de Spëtz vun de LSAP!
Leit mat aneren politeschen Iddien!
Déi dofir suergen, datt LSAP een neien Opschwong erlieft!
LSAP brauch nei jonk Leit. Déi Wieler kënnen vun neiem  motivéieren fir  LSAP, dee 14 Oktober 2018 ze wielen!
Babbalukka!
  

Keine Kommentare:

Kommentar posten