Politesch Poesie ass haart, huet näischt
mat de Poesie am Poesiealbum ze dinn.
Politesch Poesie ouni ge drëms ass haart. déi verluchen Romantik geet duerch Realitéit ersaat.
Déi politesch Poesie geet geschriwwen fir Mënschen, déi mat oppenen Aen duerch eis Gesellschaft trëppelen.
Déi politesch Poesie geet geschriwwen fir Mënschen, déi mat oppenen Aen duerch eis Gesellschaft trëppelen.
Déi de Päiperlek op enger Blumm an hirer romantescher Poesie , an dem Kand säin Honger dat an de Wiss Geessen hitt, net gesinn!
Dat ass déi blann Poesie fir eis gehuewen Gesellschaft!
Wanter sinn vir vill Leit, déi schéinsten Zäit fir Poesie ze schreiwen. Op déi se mat Schmäerzen ge ward hunn! Fir déi Leit wou keng ganz Schong an de Féiss hunn sinn Fraschbeulen keng Poesie!
De Kampf vun de Gewerkschaften, ass eng Poesie, déi op Strooss verluecht geet, mat der een Ketten vum Kapital wëllt sprengen!
Poesie ass eng Méiglechkeet fir den Zoustand zwëschen Aarm an Räich ze beschreiwen. Ouni sech selwer Strofbar ze maachen!
Oder an Form vun engem Gedicht.
SIDA
Eng beweegte Nuet
an engem Mier vun Luuchten
verfilzt sech den Aarmut
an de Räichtum mat enaner
an erliewen zesummen
eng ongläiche Nuet.
Stroossen um fréie Mueren
begéinen sech de Chanel 5
an Marsailler Seef
am Bistro beim éischten Kaffi.
Stroossen benotzt vun Kamioen
déi zou den Halen fueren.
Verbéi un de franséischer Geschicht
aus Bronze an Steen.
Fox oder kanigerche Pelz,
alles eng Saach vum Preis.
Den SIDA gesäit een net.
Déi sech mam SIDA infizéiert hunn
stinn am Dach mat gebrachen Aen
wéi Ruinen op den Stroossenecker.
De Wand léist hir Aendeckelen
klapperen, op an zou schloen.
Mat opgerappten Mënner,
Gestoppt mat de Vergaangenheet.
Et geet een Begriefnes wou
Kinneken, Presidenten, Genereel,
Houeren, Schwuler, Nonnen
an Kleriker an Politiker.
Ee Begriefnes wou
Champs Elysee an de Boulevard
vun de grousser Arméi
deen Dag ze kleng sinn !
deen Dag ze kleng sinn !
Mäi Stéifpapp
Ee Mann, dee mer ëmmer friem war,
war menger Mamm hiren zweeten Mann.
Mäi Papp um Pabeier,
hien war mir ëmmer friem.
Een Mann deen vill Guddes matbruecht
dach ni déi déi Wäermt
vun eegene Papp hat.
Ee Mann dee mer ëmmer friem,
och wéi ech dës Zeilen geschriwwen.
Luch hien kal, an Holz verpaakt.
Et blouf nach ëmmer kal an mer.
Hoffnung
De Westwand roult iwwert de Huttbierg
eng onendlech Weit vun Blutt an Schweess.
Entbliedert Natur am Hierscht,
Blieder flüchten wéi Flüchtlingen.
Hiren Opschlag ass de Wee an Zukunft
et ass den Häerzschlag vun de Natur.
Iwwerlandleitungen päifen Téin
wéi schlecht gestëmmten Geien.
Mat dëser Hannergrondmelodie,
ginn mer dem Wanter entgéint.
Pracht vun de Natur verwielt.
Liewen an den Doud soen,
du muss déi verwielten Blumm,
ze trëppelen fir dat eng nei nowiisst.
Fit datt Liewen, de Geescht an de Wëllen,
am nächste Joer nei Kraaft tanken kënnen.
Keine Kommentare:
Kommentar posten