Freitag, 20. Oktober 2017

Tréinen

Ee Gedicht zur Erënnerung un déi Lëtzebuerger Jongen a Meedercher déi net méi aus dem Zweeten Weltkrich Heem komm sinn.

Tréinen

Tréinen vun enger Mamm
wou de Mann, Jong, Meedchen
aus dem Zweeten Weltkrich
net méi Heem komm sinn.
Hannerloossen
ausgebrannten Tréinekanäl.
Mamm dréit eng
schwéier Lascht. 
Ëmmer nës z'summenrafen
fir ze iwwerliewen mat
hirer Famillje.
Do baï huet Si ëmmer 
een Aa
op Zäit nom Krich geriicht.
Dat anert Aa
ob dat ee läng sinn.
Trotzdeem waren
Tréinen net ëmsoss.
Si hun Fridden
an hirt gebrache Häerz
an de Welt
bruecht!

jean bodry 

Keine Kommentare:

Kommentar posten