Samstag, 21. Oktober 2017

Mam Kinnek am Réck an mat de EU op de Broscht

Mam Kinnek am Réck

an mat de EU ob de Broscht

Katalounier wäerten denken, do haten Ukrainer awer méi Einfach!
Si hunn geputscht, an goufen mat offenen Äerm vun de EU op geholl!
Katalounien leid nu eemol net un de russescher Grenz! Dat ass de Problem fir eng Regioun wéi Katalounien, déi wëllt onofhängeg ginn!
Ech wës net wat fir ee Paragraphe mer an eiser Constitutioun als onofhängegt Land stoen haten.
Deen et de Preisen erlaabt huet, den 9. Mee 1940 zou Iechternach iwwer Bréck ze kommen. An eis Onofhängegkeet, einfach an de Kamäin ze schreiwen!
Natierlech hat Lëtzebuerger Vollek deemools keng Monarchie am Réck, an keng Regierung op de Broscht, déi gesot hätten! Esou net!
Déi waren net méi am Land!
Kann mech drun erënneren, datt mer an eiser Wiertschaft zou Diddeleng op de Schmelz, un de Dier fir an Kichen, eng Leescht hänken haten, wou Clienten konnt Sue spenden, fir déi Lëtzebuerger déi an Spunien kämpfen gaangen sinn, fir géint de Franco ze kämpfen! 
An et waren "Stuckaen" vum Hitler, déi hir Stellungen bombardéiert hunn!
Haut ass et och EU, mat engem rietsen Drall! 
Déi dem spueneschen Kinnek, dem Franco säi Zéijong, de Réck stäipen!
Deemools waren et Kommunisten an Sozialisten, déi fir Fräiheet vum spuenesche Vollek, den Doud mat a Kaf geholl hunn!
Haut ginn et déi "Lénk" an Sozial-Demokraten, déi wëllen net fir Fräiheet vun engem aneren Vollek stierwen!
Ech sinn gespaant, op Lëtzebuerg dann elo och eng Compagnie vum Härebierg an Katalounien schéckt! Fir eng Hand mat unzepaken!
Fir de Wëllen fir Onofhängegkeet vun de Katalounien ze briechen!
Méi Informatiounen iwwer de Krich an Spuenien, kritt dir an de Gar, an Italien zu Diddeleng!
Hate mer,  net och de Wëllen fir eis Onofhängegkeet, deen bluddeg vun de NAZI ënner ge knëppelt gouf!
An de Knëppelkrich?
Och de Streik, deen mat Hëllef vun franséischen Zaldoten ob een Een bruecht gouf!
Haut ass Onofhängegkeet vun Lëtzebuerg schonn laang Uelzecht an gaangen!
Ass Lëtzebuerg eng Kolonie vun de EU?
Gedanken aus de Kannerzäit!
Babbalukka!       

Keine Kommentare:

Kommentar posten