Mittwoch, 25. Oktober 2017

Den Ausverkaf vun enger "lénker" Politik. Oder esou ähnlech.

  Den Ausverkaf vun enger "lénker"Politik.

Oder esou ähnlech.

Geeschter Owend hun se zu Esch un de Uelzecht, Gebuertshaus vun de lénke Politik hei zou Lëtzebuerger, un déi Riets mat gréngen an bloe Sträifen ënnert dem politeschen Präis verkaaft.
Zentral vun de LSAP huet den Ausverkaf geschléckt, wéi wann dat déi normaalste Saach vun de Welt wär! Si hunn net mat kritt, dat LSAP geeschter zu Esch un de Uelzecht, op déi politesch Intensivstatioun ageliwwert gouf!
Ech mengen wann een Gebuertskierch vum Jesus wëllt verkafen! Dann géif de Poopst mol op Jerusalem kucken goen an versichen fir de Verkaf ze verhënneren!
Foto am "t" wou déi dräi Parteien Koalitiounsofkommes ënnerschreiwen!
Huet mech un Owesiessen vum Jesus mat sengen Apostelen erënnert! Deen zwiwwelten Apostel, den Judas feelt op de Foto! Deen wäert Sue vum Transfert zielen!
Ech sinn fro dat mäin éischten Buergermeeschter, den ech als Escher Bierger hat, den Arthur Useldinger. Dat net méi  materlieft huet! Ass eng gutt Saach!
Schwaarz-gréng-blo ass vun Haut un, de politeschen Wischiwaschi, den Stadt Esch, soll an een anert Liicht féieren!
Ech wës net, déi Gréng sinn zimlech schwaach op de Broscht! An wäerten beim nächsten Heeschnapp. Raute wénken!!
Déi Blo packen sech un al Stréihallem un!
Fréier waren dat Radibutzkien, Schongofbotzer vun de Schmelzhären!
Zu Diddeleng haten si am Café Wollef um Eck vun de Spidolstrooss. Zwee Prisongsschësser 500 Frang, deemools 400 Humpen versprach!
Wann si nuets op de Kierchtuerm géifen klammen. An den Wiederhunn rout géifen usträichen!
De Leeëndecker, war mäi Papp, an Sozialist! 
Et kann sinn, datt den haitegen Gemengerot et packt bis no de Nationalwahlen 2018!
Ech gleewen net drun!
Wann Gambia, déi nächst Regierung stellt! Dat ze hoffen ass!
Dann geet den haitegen Escher Gemengerot. Uelzecht an!
Do sinn, ze vill Opportunisten um Wierk!
An de Judas?
Babbalukka!

Keine Kommentare:

Kommentar posten