Een Sténkert
Ech hunn beim leschten Akaf, mer een franséischen Camembert aus de Normandie mat bruecht!
Wéi ech de Mueren de Schaaf ob gemaacht hunn, fir de Botter an Gebéiss eraus ze huelen, déi ech brauch fir op meng Schmier, beim Moieskaffi!
Hunn ech fest gestallt, datt ech een Sténkert am an mengem Kicheschaf hunn!
Ech wuesst, dat déi franséisch Kéisen, déi net mat pasteuriséiert Mëllech gemaacht ginn, vill méi sténken wéi déi aner!
Wann een kuckt, een Lëtzebuerger Staangekéis, wou nëmmen Lëtzebuerger Mëllech verschafft geet!
Meng Groussmamm, sot ëmmer "Mummelemäm"!
Deen hat ëmmer eng Schuel esou eng donkel-orange Faarf! An déi huet gestonk!
Wéins de donkel-orange Schuel huet de Lëtzebuerger Stangekéiss, den Faarf vun den Uniformen vun Lëtzebuerger Preisen, net méi dierfen hier gestallt ginn!
Haut geet et an de Lëtzebuerger Politik, ëmmer méi Zorten vun dem Sténkegekéiss, hir gestallt an verschidden politesche Molkereien hei zu Land.
Dofir schleed et munchmol, engem esou een schaarfen saueren Geroch ëm Nues!
Wann een duerch Dierfer vun de Normandie an um Platto de Langre fiert, do richt et och esou! Dat ass ee Geroch, wou een eng Loscht kritt op eng Kéiseschmier!
Wann een duerch Dierfer vun de Normandie an um Platto de Langre fiert, do richt et och esou! Dat ass ee Geroch, wou een eng Loscht kritt op eng Kéiseschmier!
Wann dir zou Lëtzebuerg duerch Parteielandschaft fuert! An dir kritt de Geroch vum politeschen Kéis an Nues!
Dann hieft et dem Wielerbierger zu Lëtzebuerg et ass fir ze katzen!
Du fänks un ze gierksen an et kënnt näischt!
Et ass eng Politik, déi sensibel Wieler krank maachen!
Beim belschen sténkege Kéis aus de Wallonie, kritt een ëmmer een Dëppchen Mellasse dobäi. Wallounen wëssen schonn firwat!
Ech setzen keen Sténkert méi an mäi an mäi Schaaf, wou ech Zilsetzungen vun menger LSAP, versuergen.
Ech hat ni geduecht dat esou een jonken Sténkert, kënnt esou sténken!
Alles Guddes, beim nächsten Platto Kéis, mat enger freescher Baguette an een Pättchen vun de Musel!
Gesondheet!
Babbalukka!

Keine Kommentare:
Kommentar posten