Wann's Du aarm bass
muss du plënneren!
Ass Lëtzebuerg um Wee fir dat zweet Monaco ze ginn!
Wat fir eng Iddi mussen Politiker vum neien Escher Gemengerot hunn!
Fir déi Räich op Esch un ze zéien!
An déi Aarm vun Esch an aner Süd-Gemengen ëm ze sidelen!
Eng Stadt wéi Esch ass grouss ginn vun de schwéierer Aarbecht an de Schmelzen, vum Schweess an de Galerien!
An Aarmut ass an de Minette Gemengen, mat Sozialer Ënnerstëtzung, esou gutt wéi méiglech versuergt ginn!
An de Süd-Gemengen hunn déi Räich an déi Aarm, mat géigesäitegem Respekt ze summen gelieft!
Jiddereen hat seng eegen Welt!
Wat ënner engem chrëschtlech-sozialen Buergermeeschter mat de Stadt Esch soll geschéien!
Als ale Mënsch, hunn ech Angscht!
An ech mengen, esou geet et och nach villen Mënschen am Lëtzebuerger Land.
Wann CSV Majoritéitspartei an Chamber kënnt!
An de Premier an de Regierung stellt!
Wann CSV Majoritéitspartei an Chamber kënnt!
An de Premier an de Regierung stellt!
Et heescht fir Wieler hei zu Lëtzebuerg! Dir hat bei de Gemengewahlen ären fräien Wëllen!
Bäi de Landeswahlen 2018, mussen Wieler hire Wëllen zu summen bündelen! Fir ze verhënneren dat CSV Regierungspartei Regierungsverantwortung kritt!
Ech hunn mäi Liewe laang zu Diddeleng op de Schmelz, am Walzwierk geschafft, wéi meng Virgänger dat och gemaacht hunn!
45 Joer mäin Deel vun de Cotisatiounen an AIV bezuelt!
Haut stinn ech un de Aarmutsgrenz!
An wës net, ob ech mech muss drop preparéieren, een Dag plënneren ze mussen!
Plaz maachen fir déi, ugezune Räich!
Déi Gemengepolitik vun neie Gemengerot vun Esch un de Uelzecht, kann schnell Schoul maachen!
Wann ech nach drun denken, wéi de Chrëschtlechen Gewerkschaftsbond! Fir den éischte Mee zu Diddeleng, vum Casino, den Däich of mat enger Bittprozessioun, an Kierch gezunn ass! Fir dat mer eppes sollen ob eisen Léin bäigesat kréien!
An Haut mëssbrauchen si hir r. k. Relioun fir den Aarmut, vun deem si als Partei Joerzéngt laang vun de Aarmut gelieft hunn!
Einfach iwwer Bord, vun hirer chrëschtlecher Arche wëllen an Uelzecht werfen!
Soll de Poopst Franziskus zu Roum wëssen!
Dat hien enger Relioun vir steet!
Déi deenen Aarmen, no leeën!
Ze plënneren!
Ech wënsche mer, datt hei zu Lëtzebuerg, esou eng Politik keng Chance kritt!
An dat, alles sechs Deeg fir un Allerhellegen!
Babbalukka!
Keine Kommentare:
Kommentar posten