Op de Gemengentrapp (45)
Een politeschen Phantom
Déi zwee leescht Deeg, wou Temperatur et nach zou léisst. Wou een sech nach kann op Gemengentrapp sëtzen! Maachen ech dat!
Moien Jang!
Moien Néckel! Moien Pier! An der Zwee sidd schonn um Tour!
Jang! wat ech dech wollt froen! Ech hunn an de Broschür vun de LSAP geliest. Do ass den Marco, nës Kandidat! Dee war dach schonn, 2011 Kandidat bäi de LSAP!
Jo hien huet deemools séi Mandat net u geholl!
Ass hien ee politeschen Phantom!
Hien werd och dës Kéier een Phantom sinn?
Hien schafft nach ëmmer bei Sudgaz?
Hien hätt sech missen virun de Gemengewahlen eng aner Plaz sichen!
An esou bleift hien och dës kéier een Phantom! Leit déi him zwou Stëmmen ginn, wielen een Phantom!
Firwat sollen Wieler een Phantom wielen?
Dat froen ech mech och!
Jang! Eise Buergermeeschter hat, och gesoten hien géif net méi matgoen als LSAP Kandidat fir Gemengewahlen!
Firwat, hien elo nës matgeet? Dat ginn mer eréischt no de Wahlen gewuer! Villäicht geet hien mat? Fir datt de Phantom Buergermeeschter geet!
Oh, jee! Phantom der Oper, an de Téitenger Schongfabrick!
Jang! Du méngst, deen Phantom, géif eréischt no de Wahlen, seng Plaz ob ginn?
Ma, ech hatt héieren, een géif ob de Rëmelenger Gemeng en Plaz kréien!
Wann op de Rëmelenger Gemeng eng Plaz fräi geet! Da kënnt een Rëmelenger do hinner!
Eng Phantom Plaz?
Weste Jang! An de Politik ass alles méiglech!
Ma! Du sës et!
U geholl, déi Keeler LSAP kritt eng bäi Läffelen!
Wat ech menger Partei net wënschen!
Wat ech menger Partei net wënschen!
An missten an Oppositioun!
An de Broschür steet, schwaarz op wäiss, all Kandidat op de Lëscht vun de LSAP, misst säi Mandat unhuelen?
Wës de Pabeier ass gedëlleg!
Ech mengen elo maachen ech mech iwwert Schnouer!
Déi Véier déi ech mat de Bréifwahl net gestëmmt hunn! Do sinn déi Zwee dobäi!
Jang! Weste als Téitenger, de Buergermeeschter net ze wielen ass schonn eng Majestéitsbeleidegung!
Et sinn fräi Wahlen! An jiddwereen stëmmt déi Kandidaten, wou hien meng, dat wären déi bescht!
An esou maachen ech et och!
Babbalukka!
Keine Kommentare:
Kommentar posten