Freitag, 25. August 2017

Gespréicher um Trottoire (98) Een Hunnegkichelchen

Gespréicher um Trottoire (98)

  Een Hunnegkichelchen

Eng Bettgeschicht vum jean bodry

Am Wonnerland vum Neon-Liberalen Kapitalismus!
Hunn Banken zu Lëtzebuerg, een Benefice vun 4,8 Milliarden Euro gemaacht!
Joer 2016, war fir Banken zu Lëtzebuerg, deen beschten Karschnatz, zanter 30 Joer!
Wat Banken un Steieren vun deenen 4,8 Milliarden Benefice bezuelen?
Wës ech net?
Rezept fir déi 4,8 Milliarden Benefice ze maachen!
Ass relativ einfach!
Banken baken Hunnegkichelcher, mat gespuerten Sue vum klenge Spuerer!
Déi vun de Banken gebaakten  Hunnegkichelcher! 
Sin Petits-Fouren, mat deenen Banken hir Milliarden Beneficer maachen!
Spuerer selwer kënnen sech keng Hunnegkichelcher kafen!
Mengem Kolleg Misch ass Folgendes geschitt! Et kann een ëm Misch, net alles gleewen wat hien engen zielt!
Et ass trotzdeem eng schéin Geschicht! 
Wann de Spuerer an seng Bank geet, déi haut modern kapitalistesch Patisserien sinn. 
An hien hätt gären eng Informatioun iwwer déi ugebueden Patisserie an de Fënster? Muss hien direkt, bevir hien eng Äntwert kritt, vun de Vendeuse, déi mat Klënschegold behaagen ass, hannert de Théik vun de Patisserie steet!
Muss hien eng Taxe vun 5€ fir Informatioun bezuelen!
Wann hien, dann an Kees vun de Patisserie, wëllt Suen op hiewen, fir sech een Hunnegkichelchen ze kafen! 
Kritt hien vun deenen  100 €, déi hien vun sengem Spuerkont wollt op hiewen, nëmmen nach 90€! 
Do war dee Keefer fir een Hunnegkichelcher esou getouft! 
Datt hien zu de Madamm an de Keess gesoten huet, ech loossen déi 100€ léiwer op mengem Spuerkont!
Madamm huet hien drop higewisen, datt hien elo, mat all deenen Transferten nëmmen nach 85€ hätt!
Do huet de klengen Spuerer, zou de Madamm an de Keess vun de Patisserie mat deenen gudden Hunnegkichelcher, gesoten! Hien géif dann léiwer déi 90€ op sengem Spuerkont stoen loossen!
Monsieur, dann bleiwen nach 80€!
Wësst dir wat! Gitt mer meng 80€, dann ginn ech bäi de Bäcker an kafen mer een Mëllechbréitche!
Wéi dir mengt Monsieur!
Monsieur! Sollen ech iech är 75€ an eng Enveloppe maachen!
Jo maacht wat Dir wëllt!
Do soten Madamm an Kees! Ech hunn är 73 € an eng Enveloppe gemaacht!
Avoir bis déi nächste Kéier! Monsieur!
Bal net ze gleewen!
Haut krut ech meng Ofrechnung vun CNS, sot dee Mischi! 
Jang! Do hunn ech 41,44€ misse stoen loossen!
Wëll ech mat mengen 86 Joer, den Dokter muss Heem kommen loossen!
Do bleiwen vun mengen 100€ déi um Mueren nach hat, nach 32,56 € iwwereg!
Op ech dofir op de Fouer nach een Fësch géif kréien?
Dann heescht et ëmmer Lëtzebuerg ass ee Paradäis fir Rentner!
Een alle Mummen!
Dat wat ech Haut an mengem Blog geschriwwen hunn! 
Kënnt den Dag vun engem Rentner hei zou Lëtzebuerg sinn???
An de Mischi huet nach ëmmer keen Hunnegkichelchen!
Babbalukka!
   

Keine Kommentare:

Kommentar posten