Montag, 31. Juli 2017

Gespréicher um Trottoire (66) Mat Sak an Pak an de Gaass verfuer

Gespréicher um Trottoire (66)

  Mat Sak a Pak an de Gaass verfuer

Moien, Jang!
Moien Misch!
De Laangzäitminister François Bausch geet zou. Datt hien sech mat Sak an Pak verrannt huet! 
Mat den décken Porschen, fir déi Déck mat den décken Portmonnien!
Wann déi Drécksschleideren, och nach Firmenautoen sinn? Wou beim Kaf keng TVA drop bezuelt gouf!
Dann huet Minister awer Box voll!
Wann een bedenk, Jang! Hei an de Diddelengerstrooss, mat dem massiven Duerchgangsverkéier, vun de Leit déi jo awer, iergendwéi op hir Aarbecht wëlle kommen!
Wat wëlls du mer soen?
Awunner hun an hire Virgäertercher, esou vill Blummen geplanzt! An de Staat huet esou vill Beem gesat!
Dat ass, schéin!
Gesäis du am Dag een Peiperleck? Oder héiers du eng Méck summen an de Strooss? 
Eso guer Spatzen hunn sech aus dem Stëpps gemaacht!
Wou sollen déi Leit, déi an de Diddelengerstrooss zu Keel wunnen, dann hin plënneren?
Do muss de eisen Laangzäitminister froen?
Deen hänkt fir den Ament, mat dee Bobinnen an  Sak a Pak fest!
Mischi, du wës dach! Wéi et op de "Schmelz" zou Diddeleng war!  Wann do Stolwierk geblosen huet! Konnten eis Mammen och keng Wäsch aushänken!
Stroossen waren voller Stolwierkpstëps!
Tramsschinnen sinn zwee mol am Dag gebotzt ginn!
Den Ausstouss vun den Dieselautoen, meescht Natur an de Mënsch futti!
Awer deen Dréck gesäit een net!
Politik baut jo awer nach ëmmer méi grouss an breet Autobunnen! Fir, datt nach ëmmer méi där Drécksschleideren iwwer Lëtzebuerger Stroossen rullen!
Et kann een Frontalieren, déi all dach 200 Kilometer fueren fir ob hir Aarbecht ze kommen, net forcéieren op Bensinner ëm ze klammen!
An wat méngste, wann elo al Dag, 1000 dir décker Brummien  op den Terminal zu Beetebuerg roulen!
So! Jang! Ech hunn Geeschter gelies, an Däitschland stiefen all Joer, 18 000 Leit, duerch den Ausstouss vum Dieseldréck!
Hei zu Lëtzebuerg zielen mer déi Doudeg duerch Dieselautoen net!
Babbalukka!

Keine Kommentare:

Kommentar posten