Sonntag, 28. Mai 2017

An mengem klenge Bistro (81) Buttek Den leschten Deel vum Koméidistéck


An mengem klenge Bistro (81)

Buttek

Den leschten Deel vum Koméidistéck 

 Opgefouert an mengem klenge Bistro!
 
Wann an mengem Quartier op de Schmelz zu Diddeleng, mol Familljen bäi gezunn sinn! Wou méi oft, de Porzeläin an Schierbelen goung, wéi dat Usus war!
Soten meng Groussmamm, Schokolas Anna, Zaloten Gréit,  Glace Märi an Humpe Suss, wann se um Bodry's Eck stoungen, an Leit beschass hunn!
Dat ass Buttek!
Wann ech mer elo u kucken wat um G7 vun Taormina geschitt ass, géif ech och soen. Och dat ass politeschen Buttek!
Den Sténkechenhouvert, Ronald Trump, ass mat deenen aneren sechs Vertrieder vun demokrateschen Länner ëmgaangen, wéi wann déi Sechs, hondsgewéinlech Pissblummen wären! Politescht Onkraut!
Wann an enger Famillje, Buttek ass! 
An wëllt een do zwëschend goen, fir de Sträit ze schlichten! Dann kann et virkommen, dat den Jeenegen vun de Famillje wou et Buttek gouf! Streech kritt!
Esou ass et och, mam haitegen amerikaneschen President! 
Et hunn him 3 Milliounen Stëmme gefeelt, fir mat enger Majoritéit un Stëmmen President vun Amerika ze ginn!
Haut soen seng Géigner, hien ass net gewielt ginn!
Haut ass hien schonn ënner 40% of ge sackt! Wat Vertrauen vum amerikaneschen Wieler betrëfft!
Situatioun beim amerikaneschen President ass, wéi bei engem u geschoss Wëld! Dat ass geféierleg!
Geeschter soten déi Däitsch Kanzlerin, an de Verdeedegung fir Europa musse mer, es méi op eis eegen Stäerkt besënnen! 
Dat héicht si traut dem amerikaneschen President net iwwer den Wee! 
Dat Gesoten war zwar, an engem bayreschen Béierzelt! Awer?
Den amerikaneschen President Ronald Trump, huet mat sengen Destinatiounen fir seng éischt Auslandsrees, eng Spur mat Wicken geluecht, déi eng grouss Explosioun am Orient kann aus léisen!
An dee Krich! Geet géint Europa gefouert!
Hien ass de fester Iwwerzeegung, datt hien den Dierwiechter misst spillen, fir Scholden bei den Europäer an ze dreiwen!
Zäit schafft, géint den Ronald Trump! An hien wës datt!
Esou wéi ech Geeschter geschriwwen hat! Datt den Amerikaneschen President vun engem politeschen Narzissmus befal wär!
Zwéngt seng politesch Krankheet! Hien dozou, senger Wee ze goen!
Hien ass een verschëlten Geschäftsmann! Den vun Politik wéineg Anung huet!
Säin ausgepräagten Narzissmus, féiert hien aus senger politescher Karriäre  eraus!
Zréck an säi Tuerm!
An do kann hien säi Narzissmus aus liewen! Do sinn genuch Spigelen wou hien sech bewonneren kann!
Säi leschten Danz!
Musek hält op mat spillen!
Luuchten ginn aus!
Am Hannergrond ass de Gesang vun engem Gospelchouer nach ze héieren!
Koméidistéck an zwee Akten ass aus!
De Riddo geet zou!   

Keine Kommentare:

Kommentar posten