An mengem klenge Bistro (80)
Narzissmus
Ee schéine fonkelneien gudde Sonndegmueren!
Jang, du has Recht mam Tute Batti!
Den Tute Batti aus Amerika, huet tatsächlech de Batti um G7 vun Taorhina gespillt!
An elo soll hien och nach op de G20 an Däitschland kommen!
Marcelle! Dat ganz ass nëmmen Wahlpropaganda fir Angela Merkel!
Mat deenen ganzen politeschen Manipulatiounen, huet de Martin Schulz keng Chance fir Bundeskanzler ze ginn!
An SDP geet och net déi stäerkste Partei!
An SDP geet och net déi stäerkste Partei!
Een Cynar mat Waasser!Wgl.
Wat, Amerika feelt! Ass een President, wéi den Asselborn Jang!
Ma! Du sës et!Een Campari mat Waasser! Wgl
Ech sinn fest dovunner iwwer zeescht! Den Donald Trump ass schwéier krank! Hien ass chronesch Krank! Hien ass befal vun engem staarken Narzissmus! Hien ass verléift an säi eegent Spigelbild! Hien Bewonnerung sech selwer! Hien ass komplett op sech Ech selwer bezunn!
Ech géif hien gläich stellen mat dem Nordkoreaneschen President!
Dat ass och een Narziss!
Nach een Himmchen!Wgl!
Ech hunn ëmmer geduecht hien wär eng Mimosse! Iwwerempfindleche Mënsch, een Mënsch deen schnell beleidegt ass!
Den Trump, beleidegt duerch säin déif verwuerzelten Narzissmus seng Gespréichspartner!
An dobäi fillt hien sech staark!
Bäi Männer déi vum Narzissmus befal sinn! Muss Fra ëmmer nom Sex soen! Du waars Haut erëm richteg gutt!
Jang! Dat geet och bäi de Fraen!
An eisen Premier!
Een Hauch vun Narzissmus! Een ausgepräagten Houvert!
Solle mer net eemol eng Partie Kaart spillen!
Dat ass eng gutt Saach!
Margréitchen! Wat hues du Haut op dem Menüe?
Huesenziwwi!
Gebongt!

Keine Kommentare:
Kommentar posten