An mengem klenge Bistro (79)
Den Tute Batti
Een modernt Mäerchen
Moien! Jang! Bass de och schonn op de Been?
Jempi! Ech sinn jo awer keen Geescht?
Jang! Dann wär du jo Een, wéi den Tute Batti, deen aus Amerika bis Europa bei eis geflunn ass!
Boma Margréitchen! Wéin ass den Tute Batti?
Marcello! Den Tute Batti? Du hues jo schonn mol nogekuckt wann Boma gebaakt huet! An mam Rescht vum Deeg, huet Boma nach een Schuedi gebak! An esou een ass den Tute Batti!
Joffer Marie-France! Ech sinn gespaant, wéini hien vun den amerikanesche Wieler nës of gesat geet!
Moien Néckel! Mer sinn mat eiser Regierung och net ëmmer ze frieden! An eisen Premier ass och net ëmmer ze genéissen! Awer meeschtens schonn! Dofir ass säi Mann, een Medien Held!
Wéi onzefridden wäre mer dann eréischt? Mat engem Premier Donald Trump?
Jang! Mol elo net den Däiwel un Mauer!
Margréitchen! Een Kaffi mat Mëllech! Wgl!
Sot! Ass et iech nach net opgefall beim Tute Batti. Seng Fra! Dat steet bei all deenen Ëmfäng, do! Wéi dohinner gestalt an net of geholl!
Fra vum Ronald Trump, ass een vun Mënschen geschaaften Ausstellungsstéck!
Dat Konschtwierk schleeft hien mat ronderëm! Wéi een Bijou, eng deier Auer! Hien brauch esou eng schéin Fra, fir unzeginn!
Seng Fra, sëtzt gefaangen an engem gëllene Käfeg!
Jang! Dat géif sech, eng Fra hei zu Lëtzebuerg net gefalen!
Amerika ass Hollywood! An Acteuren an den Filmfabriken ginn och bezuelt! Fir Rollen ze spillen!
Huel, eemol den Obama! Deen huet Harmonie an senger Famillje ëffentlech gemaacht! Dat war gelieften Léift vun enger politescher Koppel!
Een Mini! Wgl!
Häss du den Donald Trump net um Kierchendag zou Berlin gesinn!
Häss du den Donald Trump net um Kierchendag zou Berlin gesinn!
Soten eemol! Der Stack Lëtzebuerger! Meng der dann, op eisem Haff wär keen Hollywood!
Och wann si sech mat den Händchen hunn! Bäi ëffentlechen Optrëtt!
Wann ech mat menger Fra, Händchen gehalen duerch Niddeschgaass zu Diddeleng getrëppelt sinn! Dann hat ech deen Dag virdrun eng Kommen gelooss!
Eng ugemaachten Drëpp mat engem Humpen!Wgl.
Op jiddefalls op eisem Haff, huet och jiddereen eng Roll ze spillen!
Si representéieren an deem groussen Theater, wat eis Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg ass! Ëmmer hin Vollek!
Margréitchen! An si spillen hir Rollen net schlecht! An elo basta!
An eise Grand-Duc Henri war zu Wencher dobäi wéi Schof gezielt goufen! An de Natur ass eisen Grand-Duc ëmmer entspaant!
Ee läng dat deetem gutt!
An eise Grand-Duc Henri war zu Wencher dobäi wéi Schof gezielt goufen! An de Natur ass eisen Grand-Duc ëmmer entspaant!
Ee läng dat deetem gutt!
Nach een Kaffi!Wgl.
So den Bob Jungels ass een Sportler, deen et fäerdeg bréngt, dat Lëtzebuerg an den Medien er nimt geet!
Den Bob ass een grousse Sportler!
Seng sportlech Leeschtung am Giro ass super!
Hien muss de Sportler vum Joer ginn!
An elo ginn mer eng Dillen!
Ma du sës et!
Awer keen Puddel méi gehéit!!!
Neen! Margréitchen!
Awer keen Puddel méi gehéit!!!
Neen! Margréitchen!

Keine Kommentare:
Kommentar posten