Freitag, 26. Mai 2017

An mengem klenge Bistro (78) Hei sinn ech

En mengem klenge Bistro (78)

Hei sinn ech

Een amerikaneschen Partyboy an den europäeschen Institutiounen!
Takt an Behuelen. Wat ass dat? Een amerikaneschen President dee beim NATO-Treffen zu Bréissel, den seng NATO Partner op Säit gedréckt huet fir an de Mëtt vun de Foto ze stoen!
Dat ass een Diplomat, wéi koum leck mer am Aasch! Op gutt Lëtzebuergesch gesoten!
Esou een Mann ass schlecht fir Amerika!
Eng "bleu"! Wgl! Mat enger Schnëppel Zitroun! Merci!
Jang! Dat mam Pilgeren bei Imitatioun vun de Gottes Mamm vun Fatima! Huet sech an grenzen gehalen! Nëmmen all fënneften Portugis den hei zu Lëtzebuerg wunnt, huet mat gemaacht!
Eisen Haff war och present! 
An CSV huet mat gebiet! Wahlpropaganda!
Een Mini, mat enger ugemaachten Drëpp! Wgl!
Eis Dräi Faarwen Regierung ass super!
Awer vun hiren Ministeren sinn de puer déi Läpper hänken loossen!
LSAP ass déi Partei an de Regierung, déi am beschten an Form ass!
Déi "Blo" hunn den "Bloen Houscht"!
An déi "gréng" de "grénge Schësser"!
Am Tour d' Italien, hatt den Tom Demoulin bal seng Victoire vum Giro 2017 op een Houer verschass!
Jang! An déi "Schwaarz"?
Jempi! Déi hunn dee "schwaarzen" Duerchfall!
Jang! Wat heescht, dat doten dann! Ech wielen ëmmer CSV!
Jempi! Déi "schwaarz" hunn déi beschten Schüler! Awer am Examen falen se duerch! 
Gott steet hinnen net bäi!
Jang! Deenen rouden awer bestëmmt net!
Nee! Déi halen et léiwer mam Däiwel!
Eng Cola! Wgl!
Eise Premier, huet dem portugiseschen President versprach! Dat déi portugisesch Kanner an de Schoul elo Portugisesch léieren!
Dat ass de Lëtzebuerger politeschen Partyboy!
Hien huet och op de NATO-Spëtz versprach! Lëtzebuerger Arméi géif aus gebaut ginn!
An donochten soten! Hien géif Mënschen déi an Aarmut liewen ënnerstëtzen?
Dat kann hien hei zu Lëtzebuerg maachen!
Mengste hien géif dat wëssen?

 
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten