Samstag, 20. Mai 2017

An mengem klenge Bistro (73) Fälschung

An mengem klenge Bistro (73)

Fälschung

Moien!
Moien Jang! Ass der eng Laus iwwer Liewer gelaf!
Neen! Awer ech war de Mueren esou enttäuscht! Wéi schonn laang net méi!
Ou! Jang! Wat ass da geschitt!
Freidegmueren ginn ech ëmmer mat mengem Meedchen an de Cactus akafen! An de Bäckerei hunn si de Leit "Franséisch Brioschen" u gebueden! Mäi Meedchen huet sech ee "Cramique" kaf, an ech mer eng " Franséisch Briosch" mat ge holl!
Jang! Huet se de net geschmaacht!
Neen! Déi Briosch hat esou vill mat enger franséischer Briosche se dinn! Wéi Plëss mam Champs de Mars zu Paräis!
Dee Cactus hellt dach vill op Qualitéit an pickeg Präisser!
De Cactus misst och mol méi Qualitéit Kontrolle maachen!
Nach eppes wat mer ferm op de Sack geet am Cactus! Hir Menüe sinn alleguerten nat 500 Gramm oder een Kilo verpaakt!
Et ginn awer och vill Leit déi eleng liewen, déi kënnen déi Menüe net kafen! Et ass einfach ze vill!
Et kritt een am Cactus awer och Menüen vun friemen Marken ze kafen vun 350 bis 400 Gramm!
Dat wës ech!
Ech iessen awer gären Menüen aus dem Cactus! Mer ginn 300 bis 350 Gramm duer!
Margréitchen! Een Kaffi mat selwer gemaachten Briosch!
Deen Téitenger Jong, den Etienne Schneider huet der CSV gesoten: "Fangeren ewech vun de Renten"!
Ma déi Paffesäck waerten dach net wëlles hunn! Eis Renten ze kierzen!
Net nëmmen Renten kierzen! Och nach méi laang schaffen!
Schwaarzen Rouscht!
Ma du sës et, Néckel!
Et ass eppes faul an eisem Rentesystem!
Do geet et net duer mat Rentenkierzungen an méi laang schaffen goen!
Et hänk dovunner of an wat fir enger Gruppe wou du Chance hat ze schaffen!
Beim Staat, bei de Gemengen, bei de Gemenge Syndikater, ob du Schoulmeeschter oder Léierrinn waars!
Wann de Déi Liewen laang bei Privater geschafft hues! War däi Verdéngs net esou héich, wéi bei deen Aneren!
Een Beispill! Ech hunn 42 Joer laang bei de ARBED  an de Produktioun an am Akkord geschafft! Dräi Schichten Feierdeeg! Haut hunn ech eng Rent vun 3.200€, Netto!
Wann ech elo, esou ronderëm mech kucken, hunn Leit déi esou laang bäi de Gemeng oder Gemenge Syndikater, Staat, Eisebunn asw. Dat Duebelt vun Renten!
Natiirlech hunn si och méi abezuelt!
Hätten déi bei de Privaten och gär! Si haten awer net den Verdéngscht!
Pierjen! Wat wëllst du soen! Et ginn Haut Familljen WGën, do kommen de Mount 40 000€ de Mount eran!
Dat kann net ginn!
Oh! Dach!
An do leit den Hues am Pëffer!
Suen aus de Rentekeess ginn net richteg verdeelt!
Et ginn Rentner déi bezuelen hire Kanner hir Schold all Mont op hiren Haiser! 
An aner Leit déi all Dag schaffen an Rentner kréien hire Hauszëns net bezuelt!
Do ass dach eppes faul an dësem Staat!
 
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten