An mengem klengen Bistro (72)
Beschass
Op sengem leeschte Portrait! Kann een an sengem Gesicht liesen!
Dat esou munches wärd sech an Frankräich, ënnert dem neien Sonnekinnek änneren wär. Eng Lawin vun Ännerungen wärd iwwer Frankräich erwäch dauchen! Wou vill Sozial Errongenschaften drënner begruewen ginn!
Déi Ministeren aus aner Parteien, déi vum Sonnekinnek an seng Regierung bestallt goufen! Kruten mol gläich een Maulkuerf ugedoen! Si däerfen nëmmen fir seng Politik billen!
De Sonnekinnek street déi politesch Metastasen, an zerstéiert Parteielandschaft an Frankräich!
Dat zur Opléisung vum Europaparlament zu Stroossbuerg féiert!
De Sonnekinnek street déi politesch Metastasen, an zerstéiert Parteielandschaft an Frankräich!
Dat zur Opléisung vum Europaparlament zu Stroossbuerg féiert!
Elo huet hin wëlles sech Korinten vun de franséischen Journalisten, zu Schreiwer vun sengem Haff ze maachen! An déi franséisch Press soll gedeelt ginn!
Déi wou trei zum Sonnekinnek sinn!
An déi Press déi Monarchie vum Sonnekinnek bekämpft!
Dat ass een weideren Streech géint déi Fënnef Republik!
Elo waarden ech drop, Datt déi Beamten aus de fënnefter Republik déi an sengem Palast schafen, eraus werft! An duerch Beamten ersat ginn! Déi den Eed op seng nei Monarchie Presidentielle of geluecht hunn!
Margréitchen, een Kaffi. Wgl.
So Jang! War Geeschter an de Cactus zu Téiteng, mäin Akaf maachen vun de Woch! Do hunn ech nëmmen Positives iwwer Lëscht vun de LSAP Keel fir Gemengewahlen héieren! An et waren de dobäi, déi gemengt hunn, LSAP kënnt deen siwenten Sëtz erëm gewannen!
Jempi! Si mussen sech just nach gutt bei de Wieler an de Gemeng verkafen!
Awer den Beschass, deen zu Keel géint LSAP gemaacht geet! Ass ënner alle Klarinetten, alles anonym! Duerch awerfen an bestëmmten Bréifkëschten! Dat ass eng grouss Sauerei!
Wann dat vun Kandidaten aus aner Parteien kënnt? Missten déi wéinst Eeërofschneidung bei Kandidaten vun de LSAP duerch een Geriichtsuerteel vun deenen betreffenden Lëschten fir Gemengewahlen gestrach ginn!
LSAP vun Keel ass staark genuch fir den Beschass ënnert der Riemlinn erwäch ze stiechen!
An déi Kritik déi aus de Reien vun de LSAP kënnt! Stäerkt LSAP!
Avant la Gauche, fir Haut an fir Muer!
Mer een Mini, mer och, mer och, mer...! Wgl!

Keine Kommentare:
Kommentar posten