Montag, 29. Mai 2017

An megem klenge Bistro (82) Versailles 29. Mee 2017

An mengem  klenge Bistro (82)

Versailles 29. Mee 2017

Zwee Staatsmänner, déi de politesche Courage hun, sech an den ale Maueren vum Versailles ze treffen! An mat een aner ze poteren! Wéi sech Russland an Europa nës fannen sollen! Fir nës normal ze summen ze Liewen!
Deen Zoustand vun Haut mat Sanktiounen géint Russland. 
Grenzen ronderëm Russland mat NATO-Truppen ze besetzen! 
Keng Gëftbommen  an Syrien, méi an ze setzen! 
Och wann dat net an ee puer Deeg aus de Welt ze schaffen ass! Et sinn  emol zwou Grouss Natiounen, deenen hir Presidenten mat een aner geschwat hun! Ouni hir eegen Meenung op ze ginn!
Vir unzefänken mol schéine gudde Moien!
An ech hun och eng eegen Meenung! Ech hätt gären een Mini! Wgl.
Dat ass gutt fir Europa, dat ass gutt fir Russland an de Rescht vun de Welt!
Dat wat Europa haut  un Politik mëscht, ass Gepëspers aus Amerika, an Real Politik ëmzesetzen!
Vun Haut un! Huet deen neien President vun Amerika, den Europäer gepëspert! Si soll versichen, hir Problemer selwer ze léisen!
An elo brauch ech eng ugemaachten Drëpp.Wgl
Ee Problem ass Däitschland! Soll säi Iwwerschoss vun sengem Export, mat den aneren Europäeschen Länner besser verdeelen!
Dat wär méiglech wann an Däitschland  Léin, an Altersversuergung géif un déi aner exportéierten Länner  u gepasst géifen ginn!
Huet den Luther net an engen vun sengen Theesen geschriwwen, datt een bridderlech mat sengen Matmënschen deelen soll!
Dat ass Relioun an huet näischt mat Realpolitik ze dinn!
Lëtzebuerg huet nach ëmmer iwwer hir Grenzen eraus an der haiteger Grouss Regioun Aarbecht Plazen verdeelt! 
An dofir huet Grouss Regioun de Leit déi zou Lëtzebuerg schaffen, bëllegen Wunnraum ze Verfügung gestallt!
Et huet keen eppes vun Lëtzebuerg geschenkt kritt!
Lëtzebuerg wëllt mat hiren Noperen an Fridden liewen!
Wat den Fridden, spéider  de Lëtzebuerg Staat kascht?
Wann ech Haut liesen! Datt Lëtzebuerg sech 17 Ziler an hir Agenda 2030, an geschriwwen huet!
Déi 17 Ziler vun de Agenda 2030. 
Missten Ziler vun de UNO sinn! An net Ziler vun engem klenge Land, wéi Lëtzebuerg!
Et ass wichteg, datt mer alleguerten un engem Séil zéien!
Wann un dem engen Een vum Séil, den Ronald Trump zitt! Wéis een ni wéi dee Séil Zéierei ausgeet!
Ech wënschen eise Ministeren Romain Schneider an Carole Dieschbourg eng glécklech Hand, bei de Verhandlungen zou New York! 
Ëmmer drun denken, den Ronald Trump ass net Amerika!

Keine Kommentare:

Kommentar posten