An mengem klengem klenge Bistro (47)
Liesung vun enger Geschicht aus de Vakanz deen véierten Deel
geschriwwen vum jean bodry
Gejäiz an Gebläers vun Kanner war ze héieren. Eis Kosengen vun Uewerkuer sinn u komm! Dee Charly hat eng all Felge vun engem Vëlo, fir mam Reif ze spillen! Zina seng Schwëster hat ee Sprangseel dobäi!
Giedel huet een Teller mat Äppel op den Dësch ënnert de Mullebutzebam gestallt! Mat de Fuederung bäi Honger sech een ze huelen!
Op eemol ee Kréich! Zina hat misse Pippi maachen, an hat sech mat sengem Pupes an Brenndesselen gesat! Dat ass nun eemol esou an de fräier Natur! Do wou Brenndesselen gewuess sinn. Huet Land wat kengem gehéiert huet u gefaangen!
An de Zwëschenzäit huet Wäsch gekacht! Awer do!
Wéi gesoten, de Giedel hir Wäschmaschinn geet mat Muskelkraaft bedriwwen! Dat grousst Rad mat enger Kuerbel drun gouf vum Néckel gedréit! Wäsch ass hin an hir gedréit ginn! Schauffelen hunn mol lénks an dann nës riets gedréit! Awer Schwongrad gouf ëmmer an der selwechter Richtung gedréit!
Jiddereen huet mol missen dréinen!
No enger bestëmmten Zäit war deen éischten Wäschgang fäerdeg!
Dat waarm Wäschwaasser gouf an Eemeren gefëllt! An frësch Waasser gouf a gefëllt! Fir Wäsch ze schwenken gouf eppes vun "Henkel" bäi ginn. No den zwee läschen Wäschvirgäng gouf Waasser einfach iwwer den Haff lafe gelooss!
Fir Wäsch ze dreschnen gouf se op Lénkt op gehaangen!
Meng hat Doheem eng "Zuang" an een Wringer an eng Schleider!
Alles war elektresch!
Hei sinn ech an enger friemer Welt! Awer si ass spannend!
Mer hunn Noléiferches an Stëppches gespillt!
An op eemol koum de Grousspapp vun de Schaff! Mer hun ëm Huesebrout gebiedelt! Haut gouf et keen Huesebrout! Schued!
Wéi mer am Virhaff u koumen! Huet et schonn gutt gericht! An enger grousser Pann huet de Schwéngspeck gebrutzelt! Mer waren alle guerten hongereg!
Wéi ech an Kiche koum hun ech geduecht! War soll dat doten da ginn! An de Mëtt vum Dësch louchen siwen Forschetten?
Giedel huet Rätsel geléist! Si huet een grousse Platto mat Stäerzelen an Mëtt vum Dësch gesat an do Gréiwen mam aus geloossenen Fett driwwer geschott!
An do ass dat grousst Frupsen u gaangen!
Kee Gréif an keng Stäerzel ass iwwereg bliwwen!
Bis Muer!
Keine Kommentare:
Kommentar posten