An mengem klenge Bistro (44)
Eng Geschicht vun enger Vakanz
geschriwwen vum jean bodry aus den Erënnerungen vun enger
grousser Vakanz!
Haut ginn Kanner an de Schoulvakanzen, dem Hond hannen! Wat méi weit, wat besser!
Wann Kanner aus dem Quartier Schmelz an de grousser Vakanz waren! War Liewen ob de Stroossen! Awer? Virun allem, ob de Gewan, de Millchen, Roude Bierg, Ginzebierg op Bannert!
Da gouf Krich gespillt, an den Dokter koum an den Asaatz!
Mer woussten wat, wat een op de Gewann, am Bësch konnt iessen, an aus wat fir enger Quelle mer konnten drénken!
An vir un allem, mer hun vill gebastelt!
Eis Seefekëschten war net wéi déi wou Kanner haut hunn!
Mer sinn nach bis op Bireng gelaf bei den Lompen Téid fir eng al Poussette ze kafen, fir ee Ouer Frang! Méi hat mer an der Zäit net!
An dann gouf gebaut! Een Briet, eng Ficelle an eng Brems!
Meng Mamm huet mech dat Joer, bäi Groussmamm op Uewerkuer an Vakanze geschéckt!
Zwou Wochen bäi hir Mamm an Vakanz! An déi hunan de Minièren gewunnt!
Meng Mamm huet mech op menger Rees an Vakanz bis op Gare vun Uewerkuer!
Mam Tram op Esch! An do mam Tram bis op Uewerkuer bei Kierch! An do goung et zou Fouss bis op Gare vun Uewerkuer!
Fir wat net mam Zuch! Hunn ech mech gefrot!
Déi aner Säit vun de Barrière huet hir Schwëster Mariën gewunnt! Si hunn schonn op eis gewaart! Meng Kosengen war gebuert an am beschte Fuedem!
Ech hunn mech gefreet op Mëttegiessen! Op gedëscht goufen selwer gemaachten Nuddelen, kleng "Bouletten" an enger pikanter Soss! Fir den Dessert gouf et eng Rubbarbstaart an Kaffi!
Mäi Monni den Celeste war een typeschen Italiener! Biergmann wéi all déi aner Männer aus de Famille och! Gouf awer am zweeten Weltkrich zou Hinzert vun den NAZI gefoltert! Ass och kuerz no de Befreiung gestuerwen!
Fir um zweete Weltkrich war hien Internationalen Foussballschiedrichter! Wann US. Diddeleng do Heem gespillt hunn. An mäi Monni Celeste war Schiidsriichter! Spannend!
Am Nomëtteg koumen meng zwee Monnien, den Néckel an den Usch mech sichen! An et goung 3 Kilometer duerch de Bësch bis bäi dat hëlzen Haus wou meng Grousselteren gewunnt hunn! Haus gouf an Zäit gréng ugestrach! Fréier war do Kantinne fir Biergleit an Polferkummer!
Am Nomëtteg koumen meng zwee Monnien, den Néckel an den Usch mech sichen! An et goung 3 Kilometer duerch de Bësch bis bäi dat hëlzen Haus wou meng Grousselteren gewunnt hunn! Haus gouf an Zäit gréng ugestrach! Fréier war do Kantinne fir Biergleit an Polferkummer!
Vir um Haus steet een alen Mullebutzebam, zwee Wandschief Bänken, den Dësch war genee so schréi!
No fofzeg Meter war Grouwe "Hallebierg". Do gouf Minette ënner fräiem Himmel of gebaut!
Nom Krich ass Grouf sequestréiert ginn! Spéider nës vun de Stolindustrie nës ausgebeut!
Hei huet mäi Grousspapp bis zu senger Pensioun geschaaft!
Déi aner Säit vum Dall, war Frankräich et huet een bis op Héiseng gesinn!
Ech géi iech gären meng Familljevakanz virstellen!
Meng "Giedel", war och meng Dafgiedel an menger Mamm hir Mamm!
Meng "Giedel" lieft am zweeten Bestietnes, mat dem Charel zesummen. Menger Mamm hire Papp ass zou Rëmeleng an de Galerie leien bliwwen! Witfra mat fënnef Kanner, war fir "Giedel" net einfach!
Am zweete Bestietnes krut se nach zwee Kanner! Dat sinn Haut meng Monnien! Ee wéineg méi all,wéi ech!
Bäi de Grouf, direkt un de franséischer Grenz war Wirtschaft vun de Famillje Schneider!
Douanieren hun ech ni gesinn!
Dat ass den éischten Deel vun menger Geschicht!
bis Muer!
Keine Kommentare:
Kommentar posten