Freitag, 28. April 2017

An mengem klenge Bistro (42)

An mengem klenge Bistro (42)

Géif eemol soen, een schéine Samschdegmueren fir iech All!
Margréitchen! Du bass de Moien awer gutt drop!
Eng granzeg Wiertsfra, ass schlecht fir Geschäft!
Ma! Du sës et!
Margréitchen? Hänks du fir den 1. Mee de Fändel aus?
Ech hun kee Fändel!
Dann kriss du och kee Meekranz!
Oh! Dann maachen ech eppes fir Natur!
Een Mini an eng Drëpp! An fir mech een Grog! Wgl.
Sollen  se deet Joer nach am Keeldal schéissen? Oder? Hunn se déi Traditioun och of geschaaft!
Beim Schortgen Jang sengem Denkmal geet och keng Ried méi gehalen! Nach just Blummen nidder geluecht! An Virfeier ass anzwuersch Anescht!
Wou! stoung net am Artikel vum "t"!
Stéiert den Cactus!
Eng Cola!Wgl.
Op de 100 Joer Feier vun de OGB-L Sektioun Diddeleng. Huet de President vun de Diddelenger OGB-L Sektioun, den Spautz an de Halsdorf vun de CSV net als Gäscht begréisst!
An elo kënnt de "Fauxpas" vum  OGB-L ¨Boss, an hellt dat am Ufank vun senger Ried no! Eng Frechheet!
Wann ech President vun de Diddelenger OGB-L Sektioun gewiescht wär! Hätt ech him de Mikro ofgeschalt! Wëll hien huet fir No Begréissung, mer Messer an de Réck gestach!
Hien war jo nëmmen Gaaschtriedner!
Margréitchen! Een "Jägermeister"  fir mäi Mo! 
An den Emmanuel Macron, ass och nach net neien President vun Frankräich mat senger Franséisch Léierin!
Le Pen! Awer och nach net!
Dat ganz ass eng politesch Ratatouille!
Bierger aus Frankräich hun kee vun deenen zwee verdéngt!
Wéin sollen Fransousen? Dann wielen!
Si sinn allen Zwee net gutt fir Leit an Frankräich!
Déi werfen, dat Sozial Liewen an den Sozialen Fridden an Frankräich op Kopp!
Do brennen an de Nuecht nës Autoen an den Stied!
An Mueres verkafen se Meeréisercher op de Stroossen!
Margréitchen! Kann ech een Kaffi mat engem Croissant kréien!Wgl.
Een Hauch vun Frankräich an mengem kleng Bistro zu Lëtzebuerg!
En français s.v.p.!
Ech ginn! Iech nach een schéine Samschdegmëtte!
 Merci! Gläichfalls! 
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten