Donnerstag, 27. April 2017

An mengem klenge Bistro (40)

An mengem klenge Bistro (40)

Moien! Wat mech Vollek? No de Ried vum Premier!
Fir eis, Rentner, war net vill de bäi! André!
Et ass de eenzeg Ried zur Lach vun de Natioun, déi Doubel gebak gouf! Dem Wirtschaftsminister seng Ried war kuerz gefaasst! Hiem feelt den zweeten Otem!
De Finanzminister huet sech an den Zuelen vun den Finanzen dran gebuert! Tabellen an Statistiken!
Wou hien selwer gefälscht huet! Soss géif hien net drun gleewen!
Een Expresso! Wgl. Margréitchen!
Wann ech dann gesinn! Wéi den OGB-L zum Matleefer vun dëser Regierung gouf! Déi Partei politesch Onofhängegkeet! Fir wat dat mer den OGB-L, mam John gegrënnt hunn! Fir Partei politesch fräi ze sinn, net ofhängeg vun de Politik!
Wat meescht den OGB-L wann et eng aner Regierung geet! 
Wat ech net hoffen!
De Regierung geet et gutt! An dem OGB-L och!
An dann geet et de Leit hei zou Lëtzebuerg deenen geet och gutt!
Wéin sinn déi Leit!
Jempi! Du soll net esou vill Froen stellen! Alternativen sinn gefrot?
Dat gesinn mer, no den nächsten Wahlen fir Chamber!
Net dat et dem Bettel geet? Wéi sengem franséischen liberalen Koseng? Den ausgepaff gouf!
Mer hunn jo awer kee Marine Le Pen hei zou Lëtzebuerg!
Kann nach alles kommen!
Jempi! Ech mengen du kriss nach just Waasser! Seet Margréitchen!
Hatte mer schonn jeemools, eng Regierung déi sech no de Ried vun de Natiounen, esou oft op Schëlleren geschloen huet, wéi dës!
Mer hate awer och nach ni esou dafstomm Parteien op de Oppositiounsbänk setzen wéi Haut!
Den Wiseler huet de Regierung awer Leviten  geblosen geblosen!
Mat sengem schwaarzen Blossballeg  huet  net eemol een Hauch fir een Duerchzuch produzéiert!
Margréitchen! Hien ass ze gutt, als Mënsch, fir an Politik!
Hues du deng Deeg?
Géifs du mech gären biischten! Du Banannensukkler!
Entschëlleg! Margréitchen! Esou eppes däerf een Fraen net froen!
Kréien ech awer nach een Mini! Margréitchen!
Et geet Zäit dat et Pai geet!
Am "W" war awer eng Foto vun de Daf, wou ganz Groussherzoglech Familljen am Péitersdoum drop ass!
Dann ass Fro jo geléist! Wou eis Groussherzogin soll drun sinn!
Bis den Owend am CNA zu Diddeleng!
Wat ass do lass!
Den Patron vum OGB-L hält eng Ried!
Hoffentlech ginn Mikroen!
All déi Rieden bréngen de Leit näischt!
Et ass awer gutt gesot!
An deen aneren Dag geet et Eng Foto am "t"!
Dat ass schlecht fir Aen!
Tute Batti!
   

Keine Kommentare:

Kommentar posten