Freitag, 28. April 2017

An mengem klenge Bistro (40)

An mengem klenge Bistro (40)

Alles ass am Botter! So déi gréng Botterfra an de Chamber! Moien!
Madame, huet no beim Waasser gebaut!
Dat ass eng politesch Trauerweid!
Déi Regierungsprogramme, den ëm Vollek an de Chamber virgeschloen gouf! Ass vir een Deel vun de Bierger!  
Net fir vun Freed an Luucht ze sprangen!
Een Riesling! Wgl!
Wéin, war op Diddeleng an den CNA, dem OGB-L Chef seng Ried fir den 1. Mee? De Kampfdag  vun den Aarbechter, lauschteren!
Dat ass een grousse Witz! Den 1. Mee! Meescht den OGB-L Tralala am Gronn!
Awer ëffentlech Demonstratiounen op de Strooss! Ass Tempo passati!
Et geet de Wirtschaft gutt! Dann geet et de Leit och gutt!
Déi gréisste Ligen, déi vum Premier an senger politescher Litanei! Ëmmer nës widderholl gouf!
Wéi bei enger Gehirwäsch!
Engem Wuerecht vun de Regierung, an triichteren!
Bis datt den Nolauschterer iwwerzescht ass, datt dat Wuerecht ass!
Och wann de Spriecher selwer net drun gleeft!
Dat ass jo bal wéi Priedegt an de Houmass! Wou de Paschtouer och net gleeft wat hien priedegt!
Een Vichy mat engem Schoss Wäin vun eiser Muskel! Wgl!
De Rousestack an der LSAP hirem Gaart! Muss awer nach ëmmer rout Rousen droen! Bei de Ried vum Premier waren déi rout Rousen ze gesinn!
Awer bei den Diskussiounen net méi!
Wann LSAP net geschwënn nei Gesiichter an Chamber schéckt!
Geet et hinnen wéi dem F.C. Bayern!
Wat huet dat mam F.C. Bayern ze dinn? Mengt den Apdikter vun Rodange!
Fleegepersonal ass sauer! Well hir Gehälter net op ge bessert ginn!
Chamber misst den Bloussen weisen! Wann se déi Aarbecht vum Fleegepersonal misste maachen!
Et sinn Regierungsparteien! Déi maueren!
An déi schwaarz Steemetzer net?
Wéin biischt Ween?  Ass hei Fro!
Mäi Grousspapp huet eis als Kanner vir um schlofen! Geschicht vum bloen Männchen erzielt! Deen an de Minièren ge geeschtert ass!
Déi Geschicht ass Haut nach ëmmer aktuell! 
Elo! Behap awer net! Eis Regierungspolitik wär een politescht Mäerchen!
Wat ass et dann? Eng politesch Seechen?
Utopia!
Dat net eréischt geet! Esou huet den Alvin getwittert!
Bis Muer!
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten