Sonntag, 23. April 2017

An mengem klenge Bistro (37)

An mengem klengen Bistro (37)

Moien!
Hues du Moien, deng Schong verkéiert un! Néckel!
Wou kënns du dann do drop? Margréitchen!
Du schneit ee Gesicht wéi siwen Schappen Schäissdreck!
Merci! Fir  dat negativ Kompliment!
Een Kaffi mat engem Croissant an Botter! Wgl! Och Mëllech!
Pierre, wéi hues du dann als Frontalier gewielt? Och de FN?
Non! Cherie! Ech war guer net wielen! Meng Partei PS ass Geeschter vun de politescher Bildfläch verschwonnen!
Wat hat du der dann geduecht! Si géifen an den zweeten Tour kommen?
Non! Awer dat do ass den Ënnergang fir PS an Frankräich! An elo sollen mer an zwou Wochen den Macron als President wielen! Dat geet schif! Ee President déi nëmmen 24% eegen Stëmmen huet!
An nëmmen 2% virum Le Pen ass! Dee wëllt President vun Frankräich ginn, mat ee lauter ofgewielten Parteien!
An hien ass een Neon-Liberalen! Ee Frënd vun eisem Premier? Dee extra op Paräis gefuer war fir hien ze Bréiwen!
Den Emmanuel Macron ass een Vetrieder vum Grousskapital!
Soll Marine Le Pen dann President vun Frankräich ginn?
Alles wéi dat net!
Mä! De Macron geet ee schwaachen President vun Frankräich!
Dat huet een Geeschter schonn an senger Ried eraus héieren! Hien huet sech net wuelgefillt! Seng Fra huet hien misse stäipen!
Wéi mengs du dat?
Et war eng Ried ouni Schmackes!
Onsécher an deem wat hien gesot huet! Hien huet gewäert, hien géif eppes soen wat sengen Unhänger net géif gefalen!
Nach eng Bofferdenger! Wgl!
Dat schlëmmt ass, all drëtten Frontalier den op Lëtzebuerg schaffen kënnt, huet den FN gestëmmt! 33% vun de Wieler an de Lorraine!
Zesummen setzen vun de Equipe, deen déi fir de Macron sollen wielen!
Ass wéi ee politeschen "Bouquet flanée"! Een verwielten Bouquet Blummen!
Déi wou iwwerzeegt sinn, an sech wënschen, datt et de LSAP esou geet wéi de PS. Déi setzen am falschen Zuch!
Bis muer, de Mueren!
   

Keine Kommentare:

Kommentar posten