An mengem klenge Bistro (33)
Moien! Elo sinn déi zwee Bundesliga Veräiner aus dem groussen Geschäft eraus!
Borusia Dortmund, ass an Éieren ausgescheet!
An nës hunn se 15 Minutten missen waarden virum Hotel! Ier se konnten fueren!
Ech sinn elo nach gespaant, wat geschitt? Wann se géint Bayern an de Coupefinale zu Berlin spillen!
Margréitchen! Een Vin-Vichy! Wgl!
So eis Spëtzepolitiker hunn Rennféiwer! All Dag an engem aneren Land!
Si wäerten denken, datt si keng esou bléien d' Zukunft méi wäerten hunn!
Ma! wéim sës dat!
Dann sinn si selwer schold! Wann se net méi erëm gewielt ginn!
Sot lauschtert eemol! Wat fir eng Partei sollen Wieler dann wielen?
Dat froen mech och!
Gambia wat dat bescht wat Lëtzebuerg als Regierung konnt kréien!
Jo! Mä awer?
Gambia wat dat bescht wat Lëtzebuerg als Regierung konnt kréien!
Jo! Mä awer?
Ech mengen den Wirtschaftsminister huet sech ee wéineg festgebass! Mam Ofbau vun den Asteroiden! Am Freien Himmel!
Ersetz den Himmel, duerch de Weltall! Soss op eemol kënnt de Vatikan, an behaapt, den Himmel ass schonn iwwer 2000 Joer am Besëtz vun de r.k. Kierch! An mer ee läng hunn Fëschereirechter am Himmelszelt! An den Péitruss ass zoustänneg fir Permis fir Asteroidenfëscherei!
Mer hunn hei zou Lëtzebuerg Trennung vun Staat an Kierch!
Dat ass eng Behaaptung, déi steet op wackelegen Fëss!
An du gleefs nach ëmmer un de Kleeschen!
Margréitchen, gräift an Sträitgespréich an! Der sidd elauter Housekeren! Den Xavier an den Etienne ass dat bescht wat déi "Blo" jee haten!
Margréitchen! Elo spillt du awer den Houseker! Den Etienne ass kee "Bloen"!
Ech hätt awer geschwuer hir een Neon-Liberalen!
Dat ass hien och! Awer! Hien huet eng Parteikaart vun de LSAP!
Dann stoescht hien an enger falscher politescher Haut!
Ee Fall fir Gesondheetskees!
Merci!
Keine Kommentare:
Kommentar posten