Mittwoch, 26. April 2017

An mengem klenge Bistro (39)

An mengem klenge Bistro (39)

Moien! Margréitchen funktionéiert deng Kaffismaschinn?
Déi steet jo awer net an de Chamber! Jang!
Dann bréng mer een Kaffi wéi ëmmer! Wgl.
Haut hält den Premier seng Ried zur Lag vun de Natioun! Nom Verfallsdatum!
Datt ass esou wéi esou, gewiermten politeschen Kaffi!
An dës Regierung wëllt fir Chrëschtdag op de Mount fléien!
Datt de Premier Sprooch verluer huet! Geet op Kap vum Chamber President senger Equipe!
Lächerlech! Blamabel!
Moien! Zesummen! Margréitchen een Mini! Wgl!
Crèchen sinn gratis! Awer? Nëmmen bis 20 Stonnen Woch?
Den Wirtschaftsminister seet de Wirtschaft geet et gutt!
An firwat mëscht sech CSV Suergen? Datt et de Bierger net gutt geet!
Wéin seet hei Wuerecht?
Allen Zwee! Soen an behaapten, datt dat hir Wuerecht ass!
An kee vun den Zwee litt!
Dat ass Realpolitik hei zou Lëtzebuerg!
Margréitchen nach eng Wakelter Drëpp!Wgl.
Wou ass eis Groussherzogin drun?
Och bei de Daf vum Prënz Felix sengem Jéngsten am Péitersdoum zou Roum. War Si, op kenger Foto ze gesinn!
An och bei de Feier um Geesseknäppchen! War si  net dobäi!
Dofir war eisen Grand-Duc! Awer gutt drop!
De Grand-Duc hätt missen mat sengem Säbel, de Kuch ob schneiden!
Ma! Du sës et!
Awer onser Groussherzogin hiert Laachen feelt ob där Feier!
Da kuck mech! Pierjen! Mengt Margréitchen!
Och beim Tele-Vie huet se net gelauschtert waart Leit wëllen spenden!
Si huet sécher kee fond fir den Hond op den Aarm ze huelen!
Dat war Bild vum Joer!
Si wäert beim Tessy sinn?
Datt, dat de Mond hält!
Du Dräibiz, huet du soss keng Suergen?
Nach eng "Bleu"! Wgl!
Wéi soll Wieder fir den 1, Mee sinn? Fir dem OGB-L seng grouss Feier am Gronn?
Dat ass och eng gewerkschaftlech Monarchie!
An de LCGB? Eng Monarchie mat Baueren!
Ech maache mech iwwer Schnouer!
Elo geet hei ge pifft!
Bis Muer! Dann wäert meng Rent um Bankkonto sinn! Da kommen ech mäin Béierdeckel bezuelen!
Denk! Un den Hond, vir un den Dier!
Puff!Puff!Puff ...!

Keine Kommentare:

Kommentar posten