An mengem klenge Bistro (28)
Moien! Op Ouschtersamschdeg!
Moien! Jang!
So wat ech dech wollt froen! Ech hun net gewosst, datt du géif Bicher schreiwen?
Dat wëssen vill Leit net! Elo an kuerzer Zäit kënnt nës een neit Buch vun mer eraus!
Firwat bass du net méi bekannt als Schrëftsteller!
Déi Leit, déi Spaass hun fir meng Bicher ze Liesen, an Foto-Bicher mat mengen kreativen Fotoen ze kucken! Déi wëssen schonn wéi se un déi Bicher kommen!
Ma! Meng Nopesch huet mer ee Buch vun der, "Der Zeilenschreiber", wou du geschriwwen hues, gewisen! Dat si vun Amazon kommen gelooss huet!
Meng Bicher kann du an de ganzer Welt an all Bicherbuttek bestellen! Wann du ISBN-Nummer wës!
Den Hutt of! Mäi Frënn an eisem klenge Bistro!
Moer, ass Ouschtersonndeg, an de Feierdag vun den Aulebäcker!
An et ginn Ouschtereeër!
An alle Faarwen!
Moer ginn Tierken och fir den Referendum wielen! Do sinn ech gespaant. Wéi et do aus geet!
Et wäert do goen! Wéi iwwerall wou Referendumen ofgehalen ginn! Wéi Wieler of gestëmmt hunn! Interesséiert Politiker net! Wann se Referendum verléieren! Fueren si virun, wéi wann näischt geschitt wär!
Wat mech méi interesséiert! Wéi geet den nächsten Sonndeg an Frankräich aus?
Do geet dee Sonndeg nach näischt entscheet!
Hoffentlech kritt de FN eng ferm laanscht Oueren!
Dat ass net gesoten!
Déi "Lénks"- Parteien maachen sech géigesäiteg futti!
An Gemengewahlen hei zou Lëtzebuerg! Déi politesch Gesichter vun de Kandidaten...!
Déi muss een net gesinn!
Eisen Ierfgroussherzog wäert President vun de Agence vum Biergbau ginn!
Den Ierfgroussherzog hat nach keng Bloderen un den Hänn vum Schaffen!
Dat wär de Clou!
Wéi wär et mat enger Partie Belotte!
Eng gutt Saach!
Margréitchen! Kann du eis Kaarten bréngen!
Gläich!
Keine Kommentare:
Kommentar posten