Mittwoch, 8. März 2017

Loosse mer mol soen (27) Weltfraendag

Loosse mer mol soe (27)

  Weltfraendag

Loosse mer mol soen! Verstoppt sech hannert dem Weltfraendag, net eng Grouss Schäinhellegkeet! Wann een all Joer muss drun erënneren, datt Halschent vun de Weltbevëlkerung Fraen sinn!
Biller déi schockéieren vun Mammen deenen hir Kanner an hiren Äerm vun Honger stierwen!
Männer déi an Krichsgebidder, Fraen vergewaltegen  stierwen   net un Honger!
Loosse mer mol um Weltfraendag. Eppes Positives ervirsträichen!
Op de LSP-Lëscht fir Gemengewahlen an de Stad Lëtzebuerg am Oktober, sinn eelef Fraen op de Lëscht vun 27 Kandidaten! Dat sinn bal 40%!  Muss een do den Hutt zéien?
Traureg ass Anersäits deen Fräidoud vun engem Meedchen, dat keng aner Méiglechkeeten gesinn huet an eiser egoistescher Gesellschaft weider ze liewen Wéi sech selwer Liewen ze huelen!
Ass dat déi éischt Doudeg vum Tram?
Wann ech an eisen Zeitungen liesen. Wat alles op de Gerichter fir Strofen gefuerdert  ginn! 
An engem Prozess, wou Leit virun dem Riichter stinn! Déi ënner engem CSV Minister fir de Staat geschafft. Hunn mat hirem verhalen, dem Lëtzebuerger Land geschuert! 
Hir Affekoten de Fräisproch fuerderen!
Dann muss een als einfacher Bierger. Däerfen Froen stellen!
Hänkt de Justizia hir Wo nach am Niveau!
Déi Ugekloten sinn Männer! An ginn vun Männer veruerteelt, déi sech un Gesetzer halen!
Dat däerf um Weltfraendag awer mol gesoten ginn!
An soss een schéine Mëttwoch!

Mer sollen awer net déi Fraen, Fraen mat Kanner, Fraen déi als Flüchtlingen bei eis sinn vergiessen! 

Hei am räichen Lëtzebuerg liewen an struewelen vill Fraen fir um Een vum Mount iwwer Ronnen ze kommen!

Déi Fraen an der Aarmut, gesäit ee net op de Feierlechkeeten vum Weltfraendag!

Och dat muss eemol gesot ginn! 

Mer sollen Kanner vun dësen Fraen net vergiessen!

      
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten