Freitag, 3. März 2017

Loosse mer mol soen (22) Bereet fir ronderëm de Mount ze fléien

Loosse mer soen (22)

Bereet fir ronderëm de Mound ze fléien

An de Jugend hun Bicher vum Rolf Torring, John Kling geliest,  an Filmer vum Tarzan gekuckt!
Datt ech Haut nach géif erliewen, datt mat enger Bedeelegung vun Lëtzebuerg,  ronderëm de Mound geflunn géif ginn! Hätt ech ni geduecht!
Fir Asteroiden am Weltall ze fänken. Hunn ech schonn als eng geckeg Iddi gehalen! 
Awer elo ronderëm de Mound fléien!
Déi haiteg Regierung huet een gudden Bléck fir an Zukunft!
Et ass eng Freed zou Lëtzebuerg ze wunnen!
Wann Rechnung vun hiren Utopien, spéider net ze vill gesalzt sinn?
Ech waarden drop, datt ee gudden Dag Si vun enger Rees an de Weltall erëmkommen. An eis erzielen Si hätten Maria, ëm Jesus seng Mamm, begéint wéi Si am gaange war an den Himmel ze klammen!
Oder Si hunn de Mohammed mat eiser Härgott op eng Bänk setzen gesinn.Wéi se zesummen eng Päif Gras gefëmmt hunn!
Dass, an sech iwwerdriwwen! Awer?
Dat wär mol een Thema fir eng utopesch Geschicht ze schreiwen!
Deen éischten Aarbechter, deen fir Sozialistesch Partei an de Chamber gewielt gouf, war een Téitenger!
Deen éischten Sozialisteschen Minister, deen Illusioun hat fir am Weltall, mat de Kabitlucht Asteroiden den fänken. Ass och een Téitenger Jong!
Zu Keel haten se eng Erliichtung, wou ze Maria sollen gesinn hunn!
Dat war awer Pastoralen Folklor!
Awer déi wou spéider an de Geschichtsbicher vun eisen Schoulen ze liesen stinn!
Sinn  zwee Téitenger!
Wat soll et kaschten fir meng Äschen um Mount ze streeën!
Trotzdeem een schéine Freideg!
Am Weltall sinn Geschichten ouni Grenzen! 
  
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten