Freitag, 31. März 2017

An mengem klengen Bistro (11)

An mengem klenge Bistro (11)

Moien ! Margréitchen! Bréng mer mol mäi Béierdeckel mat! Haut bezuelen ech mäi Puff!
Jo! Pierjen! Da so mer nach wat's de drénks!
Ee Kaffi!
Moien! Marcel! So wat maachen eis Sozialisten, dann zou Diddeleng! Scheeken  si elo hir Fraen an Gemengewahlen!
Marcel! Ech wës net op Fraen vun de Politiker déi an de Chamber sinn! Ee Virdeel hun bäi de Gemengewahlen! Familljepolitik an de Gemengewahlen! Dat geet schif!
Ma! Du sës et!
Awer de Witz vun de Woch kann een Haut am "t" liesen! Een fréieren of gesprongen DP Mandatär! Hien  e kläert de Wieler vun de LSAP, dem Etienne Schneider seng Wirtschaftspolitik?
Jo! Déi ass jo Neon-Liberal! An de Schreiwer och!
Et ass fir een Aasch an Säit ze kréien!
Oder an de Patt faschten! Fir ee gudden Dronk ze kréien!
Gesondheet!
Ass LSAP esou weit ee erof komm? Dat hir Fraen als politesch Reserve an de Wahlkampf geschéckt ginn!
Ass elo Fra oder dee Mann op de LSAP-Lëscht!
Dat ass dach egal! Haaptsaach sinn Sozialisten!
Wat Sozialisten mam Dan an senger Equipe an de Gemeng Diddeleng alles geschafft hunn! Si missten 60% vun de Stëmmen kréien bei de Gemengewahlen!!
Haut kënnt et net drop un, wat du an de Gemeng geschafft hues! Haut zielt, wéin du bass! Persounen zielen! 
An de Brexit suerg fir Ierger! An elo mëscht den Trump, sech och nach mat dran!
Jang! Ech mengen, do geet den J.C.Juncker! Sech eng Portioun Stréch sichen! Ech mengen? Teresa May huet och ëmmer eng Poche bäi sech!
An wann dem J.C.Juncker! De Madame May hier Poche ëm d'Oueren flitt!
Da mengt hien, Welt wär voller Botterblummen!
Oh Esou schlëmm wärd et net ginn!
Do schëtt all Säit ee wéineg Waasser an säi Wäin!
So! An Lëtzebuerg ass schonn 150 Joer Onofhängeg!
Dat muss awer Een mer eemol erklären!
Onofhängegkeet fir Lëtzebuerg ass een Kannermärchen!
Geet dat ee National Feierdag?
Mer musse jo awer Kate kucken goen! An Vive ruffen!
Geet et nach mat där!
Margréitchen! Wat fir ee Wäert huet dann elo mäin Béierdeckel?
125 Euro! Pierjen!
Kréi Nom de blo!    
So Tessy kënnt nës Heem op Nidderkuer! Esou de "Privat"!
Dat wär Meedchen fir op Lëscht vun de LSAP zou Déifferdeng!
Dann spréngt eis Groussherzogin awer am Dräieck!
Widderalla!

Keine Kommentare:

Kommentar posten