Mittwoch, 29. März 2017

An mengem klenge Bistro (9)

Am mengem klengen Bistro (9)

Moien. Bopa Jang! So hues de gelies? Kate, Duchesse vun Cambridge kënnt op Besuch op Lëtzebuerg!
Joffer Marie-France, dir wäert iech jo nach packen! An Britten hunn Haut de Bréif fir Scheedung mat de EU agereecht!
Bopa! Kate ass awer...!
An den President vun der groussherzoglecher Fondatioun geet nës senger Wee! Den Haff, muss eng ganz knubbeleg Aarbechtsplaz  sinn! Do sinn de schonn esou vill ob de Plaz gefall! An falen de nach vill!
Moien! Pierjen!
Elo huet de Tram an de Stadt. Och een Numm! De Siggi!
Oh! Wës de Pierjen, vir mech hätten den Tram, och Suckele kënnen nennen! Deen suckelt, nach vill Suen, aus dem Staatsbeidel!
Ma! Du sës et, Pierjen! Prost!
Awer! Do mat de Millioun Awunner bis 2080! Do funner wëllt Regierung näischt méi wëssen!
Mer hunn mol keng Wunnengen fir 500 000 Bierger! Ee lauter, Tutebattië!
Waart eemol of! Wéi et bäi de Gemengewahlen geet!
An bäi de Chamberwahlen! Ech wëll elo net dorunner denken!
Ah! Moien Lucia! Bass du nës do! Wat hunn se dann gesot bei de 
 " Fra zou Fra"?
Ech muss mech nei a kleeden! Ech krut eng Kaart fir bei den "....". Do kréien ech 10%!
Ass, dat alles!
An bäi de Oktave de Schlussprëssessioun solle mer mat goen! Oder um Trëppelwee laanscht Strooss, Fléiblieder mat de Kandidaten vun de "Fra zou Fra"-Lëscht verdeelen!
Jo!  Vun Fra zou Fra?
Neen, et waren Männer déi hunn eis gesoten! Wéi mer eis sollen presentéieren! Beim Wieler!
An meng Poche vun de FS! Däerf ech net méi huelen fir akafen ze goen! Och net méi fir Gromperen dran ze maachen!
Lucia! Wat hues du dann do gesoten!
Si sollen mech klibberen!
Bimbambieren, Klacken lauden zou Schieren!
Ah! Margréitchen bass och do!
An eisem kleng Bistro ass et am schéinsten!
Gesondheet!        

Keine Kommentare:

Kommentar posten