An mengem klenge Bistro (10)
Moien! Margréitche! Ass de Jang nach am Bett? Géif mer mol ee Mini an deng Drëpp!
Eng ugemaachten Drëpp! Hues de de Mo net an de rei?
Moien! Jang! So ! Ass eppes anescht am Land? Geeschter hun se gesoten an de Noriichten! Vun Haut un ass Europa anescht! Mam Brexit!
Eisen Lady vun de Britten! Huet keng Spooren un de Schong! Awer Diamanten!
Déi zwee Joer, déi EU an Britten brauchen. Fir no de Scheedung ze deelen! Do geet nach vill eng Portioun Porzeläin vun de EU gebrach!
Eng Scheedung am Gudden! Vir ze laachen!
An donochten zerschloen si sech, wéi Nësssäck!
60 Milliarden Euro sollen Britten blechen!
An, elo! Fänkt eisen Ausseminister de Jang vun Stengefort och nach un! Lëtzebuerg misst oppassen! Net, datt Banken och nach plënneren!
So! Jang! Hues du gewosst? Dat mer hei am Land, 5353 Leit hunn, déi schonn méi laang wéi 24 Méint ouni Aarbecht sinn!
Déi kritt een, och ganz schwéier nach un schaffen!
Waren mer keng Ochsen? Fir 45 Joer laang, op dräi Schichten op de ARBED ze schaffen!
An mer waren och net mat Botter an Kuch do u gestreckt!
Waren mer keng Ochsen? Fir 45 Joer laang, op dräi Schichten op de ARBED ze schaffen!
An mer waren och net mat Botter an Kuch do u gestreckt!
Wat kréien déi dann? Vun Aarbechtslose Sue? Déi hunn ëmmer vill verdéngt hunn!
Du kanns dach net, ee Liewe Laang Aarbechtslos sinn?
Sinn dat Leit déi hei am Land liewen! Oder sech irgendwo an de Sonn et gemittlech huelen?
Sinn dat Leit déi hei am Land liewen! Oder sech irgendwo an de Sonn et gemittlech huelen?
So! Den OGB-L, huet gréng Luucht ginn fir ze streiken!
Den OGB-L soll och eemol kucken , datt hir Memberen an de Kliniken, Altersheemer an Fleegeheemer, eenegermoossen Lëtzebuergesch schwätzen!
Esou kann et och net virun goen!
UNI Lëtzebuerg soll elo kucken, wéi een Zuel vun de Zäitlaang ouni Aarbecht kann verhënneren!
Ma dofir brauch een keng UNI!
Et ass dem Staat seng Flicht, dofir ze suergen, datt Leit Aarbecht hunn!
Ee Joer! An de geet näischt méi vum Staat!
Pierjen! Dat kann de Staat net maachen!
Dat ass, dach wouer! Wéi soll dat alles bezuelen!
An Gewerkschaften packen keng Hand mat un!
Ech ginn! Bis Moer de Mueren!
Pierjen! Soll ech op schreiwen! Däi Béierdeckel ass bal voll!
Net! Datt du op eemol een Hond virun de Dier vun mengem klenge Bistro leien hues!
Pierjen! Soll ech op schreiwen! Däi Béierdeckel ass bal voll!
Net! Datt du op eemol een Hond virun de Dier vun mengem klenge Bistro leien hues!
Keine Kommentare:
Kommentar posten