Montag, 13. Februar 2017

Loosse mer mol soen (5) Alles am Geescht vun de Zäit

Loosse mer mol soen (5)

Alles am Geescht vun de Zäit

Wéi den Charles Darwin am Joer 1859 mat senger Evolutiounstheorie, Gesellschaften  mat de Mënschen kräfteg duerch een aner gerëselt huet! 
An de Mënschen erkläert huet, dat et nom Doud endgëlteg Schluss ass! An ee Liewen nom Doud géif et net ginn!
Krut hien net nëmmen Streit mat de r. k. Kierch!
Leit sinn op Sich gaangen no aner Geeschter! 
An Seancen wou se Glieser geréckelt hunn! Kaarten schloen gelooss hunn! An wou se Méiglechkeet kruten fir mat hiren Doudeeschten ze schwätzen!
De Geescht vun de Zäit huet de Leit déi leescht Illusiounen ze stéiert!
Haut geet de Geescht vun de Zäit vun Politiker verbreet! Politiker  verspriechen den Leit vill! Kënnen et awer net ëmmer an halen!
Déi nei Gëtter, no de Zäit vun de Industrialiséierung, sichen Leit an de Populisteschen Parteien! 
Regierung wëllt Bierger  mat de Véierter Revolutioun vun de Digitaliséierung. Leit hei zou Lëtzebuerg an eng besser Zäit féieren,  an vum Populismus eewäch halen!
Och déi nei politesch Propheten an den allen Parteien, ginn keng Garantie, dat datt esou ze realiséieren ass, wéi si dat viraussoen!
Et sinn ze vill Stolpersteng um Wee bis zu de Realisatioun!
Mat de Neier Constitutioun! 
Wou Bierger duerch een Referendumm kënnen  mat entscheeden op si de Nei Constitutioun unhuelen oder net!
Do sinn ech mer net esou sécher op Wieler, déi Wee wëllen mat goen!
De Staatsrot bleift an den Hänn vun de Parteien! Dat huet een negativen Nogeschmaach!
Geet mat de Neier Constitutioun Trennung vun Staat an Kierch zou Een bruecht?
Huet de Bierger Méiglechkeet fir Monarchie of ze schafen? Wann eng Majoritéit dat wëllt?
Ass dat neit Nationalitéitegesetz, dat wat de Wieler wëllt? 
Beim leeschten Referendumm wollt hien dat net!
Kritt all Bierger deen mat wielen geet virum Referendum! Den Text vun de Neier Constitutioun an senger gewënschten Sprooch Heem geschéckt!
Et leeft nach vill Waasser Uelzecht an, bis dat déi Nei Constitutioun an dréchenen Dicher ass!
De Geescht vun de Zäit, brauch vill Iwwerzeegungskraaft !
De Geescht vun de Zäit hei zu Lëtzebuerg. huet och seng Mouken!  
   

Keine Kommentare:

Kommentar posten