Loosse mer mol soen! (3)
Joffer Marie-France op Besuch
Bopa Jang, een schéine Sonndegmueren!
Merci! Gläichfalls, Joffer Marie-France! An wat dréift Iech dann schonn esou fréi bei är Grousselteren?
Bopa Jang, ech komme bei Dech!Fir ee puer Froen ze klären.
An wat fir Froen sinn dat! Joffer Marie-France?
Elo am September, kënnen och kathoulesch Jongen op de Fieldgen an och an de Nonnebunker zu Esch an Schoul goen!
Joffer Marie-France, dat ass dach eng gutt Saach!
Jo, Bopa! Meng Mamm huet gesoten, si géif mat mer bei Doktesch goen, fir Antibabypëll verschriwwen ze kréien?
Wat huet dat dann mat de neien Klassen ze dinn?
Bopa Jang! Et wës ee ni! Mengs Du, kréien mer dann och elo Automaten mat Kondomen an de Schoul opgehaangen? Wéi an den ëffentlechen Lycéeën
Joffer Marie-France! Ech duecht du géifs an Schoul goen fir ze léieren! An net fir mat de Jongen ...!
Bopa Jang, léieren dat maachen ech och! Mer mussen awer och elo léieren mat den Jongen ëmzegoen!
Joffer Marie-France, deng Schoul bléift eng privat Schoul fir kathoulesch Kanner!
Jo! Bopa! Déi nei Direktesch huet gesoten: "Fir Kanner déi nach gären an de Reliounsunterrecht ginn"!
So, Marie-France! Der kënnt jo awer wielen, nëmmen Meedercher oder gemäschte Klassen mat Jongen!
An wat fir eng Klass gees du dann gären! Joffer Marie-France!
Oh! Wësse Bopa Jang! Ech sinn eng modern Joffer! Déi no allen Säiten op ass!
Dann kanns de och an een ëffentlechen Lycéeën goen. An deng Elteren brauchen keen Sue méi fir deng Schoul ze bezuelen!
Dat soen ech och! Bopa!
Ech ginn nach bis bei Boma!

Keine Kommentare:
Kommentar posten