Montag, 27. Februar 2017

Loosse mer mol soen (19) Véier verschidden politesch Fréijoeersgefiller

Loosse mer mol soen (19)

Véier verschidden politesch Fréijoersgefiller

An de Lëtzebuerger Politik!
Un engem Bam geprafft!
Dräi verschidden Gäertner schaffen am Gaart vun de Regierung! Deen véierten Gäertner sëtzt zu Bréissel, an knoutert iwwer dat wat déi Dräi am Gaart zu Lëtzebuerg esou alles schaffen!
Wat déi véier Gäertner do wëllen ziichten?
Geet spéider dem Wieler mol als eng echt Lëtzebuerger Geméiszopp verkaaft.
Déi dem Vollek spéider net schmaacht? 
Well fir deen een ze vill Europa dran. Fir den Aneren net genuch Europa dran!
Den J.C. Juncker wëllt een Europa mat verschidden Vitessen.   Ee wësch vun den zwou Vitessen! Déi dozou gefouert huet datt Schéier zwëschen Aarm an Räich ëmmer méi weit ausenaner gedriwwen huet!
Eisen éischte Bierger vum Land kacht eng Ministerronne fir drop hinzeweisen dat Lëtzebuerg fir eng grouss Immigratiounspolitik steet! Wat dat nach mat engem Federalem Staat ze dinn huet? Bezitt den éischte Bierger och grouss Regioun an de Federale Staat mat eran!
Dem Ausseminister seng Zopp ass fir vill Staaten an Europa ze vill mat Firwuerf versalz! Seng Zopp ass een Stréitmescher am haitegen Europa!
Den Premier vun Lëtzebuerg, deem de Gaart politesch gehéiert!
Ass keen Zoppefrënnd! Seng Zopp um Mëttegdësch léist hien sech vun dobaussen kommen! Hien huet mat de Zäit geléiert dat all Zoppen mat Waasser gekacht ginn! Wann hien eng Zopp misst kachen, géif Land de bloen Scheesser kréien!
Zur Conclusioun géif ech soen, ze vill Käch an de Regierungskiichen verdierwen all Zoppen!
Si kachen aller véier Zoppen! Wou Wieler fir déi déi Rezepter net zou gestëmmt hunn!
An all Zoppenkach ass ee klengen Ergovan verstoppt!
Den Mëtteg iessen ech een am Schëftgen gebackenen Schwéngsfouss, mat enger gerappter Wuerzelszalot!
Gesondheet!  

Keine Kommentare:

Kommentar posten