Montag, 27. Februar 2017

Loosse mer mol soen (18) Schoulzäit an de Besatzung

Loosse mer mol soen (18)

Schoulzäit  an de Besatzung

Geeschter hunn ech de Joffer Marie-France ee wéineg aus de Zäit wou de Gauleiter Simon soen, an zesummen Aarbecht mat den Lëtzebuerger Preisen hei zou Lëtzebuerg war!
Wéi ech de Mueren den Kommentar vum Robert Schneider am "t" gelies hunn. "Pädagogik géint riets".
Schoulen maachen eng Visite an de KZer. Dat ass och gutt esou!
Awer wéi et an de Schoule an de Zäit ënnert de Zivilverwaltung war, Vun dëser Zäit wëssen se näischt!
An de Schoul um Däich zu Diddeleng, wéi an dee anneren Schoulen am Land och. Stong am Schoulhaff ee Bam, do gouf all Mueres den Fändel mam Hakekräiz opgezunn! An mer hunn dann missen dräi mol "Heil Hitler" blären! Do war och schonn mol een "dräi Liter" do zwëschen!
Dann ass an de Klassen "Sondermeldungen" vun de Däitscher Front gemellt ginn! Wéi vill BRT déi Däitsch U-Booter nës versenkt haten!
Eise Schoulloberlehrer, war een Lëtzebuerger Präis aus de Dell!
Well déi Kanner déi um Däich an de Schoul waren, meeschtens Kanner vun  Däitschfeindlechen Familljen waren!
Krute mer och nach Léierpersonal aus Däitschland, den Schoulmeeschter Denkhausen an Joffer Braun! An déi waren bäi enger Däitsch frëndlecher Famillje op de Schmelz aquartéiert!
Op eemol hunn nës Kanner gefeelt an de Schoul, déi waren mat hiren Elteren ëmgesidelt ginn!
Déi Kanner vun Däitsch frëndlechen Familljen, waren an de Hitler Jugend! Hunn däerfen an Héichschoul an de Brill goen! Wou si och Englesch, an mat de Schreifmaschinn schreiwen geléiert hunn!
Déi aaner Kanner sinn, Grommperenkäfer, alt Eisen, an Tee sammelen gangen, denn dann um Speicher vun de Schoul gedreschert gouf! Fir Zaldoten un de Front!
Wann ech Haut mol ee begéinen, dee mer seed hien hätt am Krich Englesch geléiert!
Ass meng Änwert! Da war du an de Hitler-Jugend!
An dann sinn se mat de Schoulklessen op de Lambersbierg an Halen gefuer. Wou mer gewissen kruten wéi déi Onmënschen vun Bolschwicken an Russland liewen! An Hüten aus Stréi, an Lompen gekléid! 
Dat hunn se eis gewissen, fir ze weisen wéi gutt mer et hätten!
Lëtzebuerger Familljen hunn Wiederstand gelëscht, an dem si sech engajéiert hunn, fir Zersetzung vun de Däitscher Arméi!
Et kent een ee Buch driwwer schreifen! Wat Zivil Bevölkerung ënnert de NAZI gelieden hunn!
Dat eenzegt wat net  verbueden gouf war den Religiounsunterecht!
Mer hunn ni dem Kaplon, dierfen erzielen wat bei eis Doheem lass ass!
Villäicht nächst Kéier nach weider Erzielungen aus der batterer Zäit!! 
     

Keine Kommentare:

Kommentar posten