Mittwoch, 22. Februar 2017

Loosse mer mol soen (14) Wéi maachen déi dat?

Loosse mer mol soen (14)

Wéi maachen déi dat?

Moien! Bopa Jang!
Moien! Joffer Marie- France!
Bass du schonn nës um Dill?
Wat soll ech anescht maachen? Elo hun mer Vakanz! An et reent de ganzen Dag! Dan kommen ech bei meng Grousselteren! Bopa Jang!
Wann Wieder gutt wär? Dann ...
So Bopa Jang! Hues du dat Geeschter op RTL News geliest! Do soll et eng ferm tennesch an d'iewescht ginn beim Staat? Wou och Beamten vum Staat, sollen drun bedeelegt sinn?
Joffer Marie- France, dat mussen Geriichter un Dagesliicht bréngen! Bis elo sinn dat nëmmen Soupçonen! Keen ukloen bis een Uerteel gesprach ass!
Ech huelen un. Bopa! Datt Bierger eng Äntwert kréien op déi gestalten Fro? "Wéi maachen déi dat"?
Fir een Bierger wéinst Korruptioun unzekloen! Do brauch een vill Material an Beleeger! Korruptioun soll et hei zu Lëtzebuerg net ginn!
Wann dat soll ginn? Dann huet Lëtzebuerg den Schlëssel fir an den siwenten Himmel ofginn!
Dat war de Film mam Gregory Peck? Meng Mamm drëmmt nach Haut vun dem Film!
Do looss se drëmmen! Welt ass Haut fir vill Leit Welt éischter eng Hell?
Ma! Du sës et! Bopa Jang!
Wat sës du dann? Vun de Iddi: " Zesummen liewen"?
Dat meescht Boma an ech schonn iwwer fofzeg Joer! An mer bleiwen an eisen véier Maueren wunnen! Dat villäischt net den siwenten Himmel ass. Awer, et ass eis Fräiheet! An wann Boma an ech, de Schlëssel of ginn! Kënnt der mat de Maueren maachen wat der wëllt!
Bopa Jang! Ech hun dat net esou gemengt!
Ech hun et awer esou verstanen!
Ech ginn bei Boma Margréitchen! Ech ginn mol kucken wat si vir Haut de Mëtteg kacht!
Spinat mat haart gekachten Eeër!
Dann bleiwen ech fir Mëtteg hei!
An donochten maachen Boma an ech! Fueskichelcher!
Haut ass Gréngendonneschten!
Allen een schéinen vereenten Donneschden!    
    

Keine Kommentare:

Kommentar posten