Montag, 20. Februar 2017

Loosse mer mo soen (11) Ee Bréif un de amerikaneschen President ...

Loosse mer mol soen (11)

Amerika, Land mat de politeschen Liggen

Ass den Trump dee neien amerikaneschen Pinochio?
Dat ass keen politesch Gestëppels. Dat ass zimlech no bei de haiteger amerikanescher Politik vum Donald Trump, President vun Amerika!
Dat ass keen politescht Flunkers! Dat ass déi Politik déi bewosst vun de Regierung Trump gemaacht geet!
Onrou duerch Onwourecht! Bewosst Onrou an de Welt verbreeden!
Dann spéider zu de Wourecht zeréck ze kommen!
Fréier huet huet hei am Land geheescht :"So du schell Sau! Soss seet deen Aneren Sau"!
An Amerika wiisst dat politesch Onkraut am Regierungsgaart zimlech schnell!
Ech hunn nach ni een amerikaneschen President héieren! Nodeems ee Reporter drop higewisen huet. Här President dat ass net wouer wat Dir elo gesot huet!
Wou dem President seng Äntwert ass: "Si hunn mer dat esou hei hinne geschriwwen"!
Ass hien eng politesch Marionette, déi friem gesteiert geet?
Hien meit d' Ëffentlechkeet! An verkräischt sech an Hangaren. Wou seng Fra vir un sengem Optrëtt zesummen mat sengen Unhänger de "Vater onser" biet! Dat  Feindlechkeet géint den Islam ënnersträicht!
Mosleme sinn aus dem Ëmkrees vum Trump ausgeschloss!
Friemenhaass no de politescher Moud vum Trump!

Här Donald Trump,  President vun Amerika
bevir dir eng Staatsvisite bäi de  grousse Länner an Europa maacht!
Kommt op Lëtzebuerg! An kuckt iech, déi véier Deeg vun de Visite, mat ärer Madame déi gelieften Demokratie, mat Pressefräiheet an de Onofhängegkeet vun de Geriichter hei zu Lëtzebuerg un! 
Hei däerf der den "Vater onser" ënnert de Moslem béidem, an déi 158 verschidden Nationalitéiten hei zu Lëtzebuerg wäerten iech net stéieren!
Ee kleng Land wéi Lëtzebuerg, wou all Mënsch mat de Grouss Regioun, de hei schaffen oder pensionéiert, ass sozial ofgeséchert !
Den politeschen Egoismus geet et hei zu Lëtzebuerg ze soen net!
Ee Land wou Fuerschung vum Staat ënnerstëtzt geet!
Ee Land déi Rakéite brauchen fir Asteroiden am Weltall ze fänken!
Ouni Atomsprengkäpp?
Dir gitt virdéischt vum Premier um Fliggerhaff begréisst! dann vum de Chamber begréisst! 
Mer hunn och eng Monarchie! Déi fir Repressioun bäi enger Staatsvisite zou stänneg ass! An Dir gitt och am Palais vun eisem Grand Duc an senger Fra empfaangen!
An bäi de Visite kritt Dir och de Kierchbierg gewisen, wou Häerz vun de EU schléit! Mat villen Banken!
An mat enger Fongenindustrie mat 3,741 330 000000 Billarden Euro! Vertrauen vum Internationalen Kapital an Lëtzebuerg ass grouss!  
An bis dohinner ass den Tram och fäerdeg?
Ech erlaben mer als einfache Bierger vun Lëtzebuerg, Iech mat ärer Madame, fir eng Staatsvisite hei zu Lëtzebuerg anzelueden!
Wëllkommen zu Lëtzebuerg an engem Land ouni Grenzen an ouni  Maueren!
Villäicht geet Iech dann, Späicherliicht op, fir méi eng Humane Politik!
Humane! Heescht méi Mënschlech!

jean bodry
  
          

Keine Kommentare:

Kommentar posten