Samstag, 18. Februar 2017

Loose mer mol soen (10) Den Doud ward niewendrun

Loosse mer mol soen (10)

Den Doud ward niewendrun

Et ass bal net ze gleewen. Et gewinn d'Een sech un Alles!
Wéi déi zwee Zich, zesummen geknuppt sinn! Do hunn se Kréich gedoen, wéi wann Lëtzebuerger Land an engem schwaarze Laach verschwonne wär!
Awer Kettenuewen mat hiren Kettereaktioun Iewen, déi esou schéin dämpen, ginn als eng gutt Noperschaft hiergeholl!
Mer hunn jo eis Jot Pëllen! Margréitchen!
Margréitche! Himmelkräizbatterie! Wou hunn mer eis Jodpëllen geluecht?
Wat fir Pëllen?
Déi mer mussen huelen. Wann et zu Kettenuewen an de Kettenreaktiounsiewen zu engem GAU kënnt!
Jang, déi Pëllen! Waars du nach net op Gemeng sichen!
Huet eis Gemeng, se dann net Heem bruecht?
Neen! Et huet se missen sichen goen!
Ech wärd, dach net elo, och nach missen een Taxi huelen! Fir Jot Pëllen op Gemeng sichen ze goen!
Gemengen an den Drëtten Alter?
Awer bei de nächsten Gemengewahlen, géifen se gären erëm gewielt ginn!
Een alen Mummen!
Margréitchen, du seet et!
Margréitchen? Hunn mer nach Bouneschlupp vu geeschter Mëtten?
Jang! Mer haten dach geeschter Mëtteg keng Bouneschlupp! Geeschter Mëtten hat ech eis eng gutt Lënsenzopp gekacht! Mat enger Mettwurscht!
So! Margréitchen! Wat ech dech nach wollt froen? Wann den Dokter kënnt! An ee freet mech wéi et mat menger Prostate ass? Wéini, datt mer de lëschten Sex haten? Wat soll ech dem Dokter dann äntweren?
Dat, war! Wéi ech fir lëscht gebootschten Gromperen mat Spigeleeër gemacht hat!
Dat war? Wéi mer den 20. Oktober 2012 fir Chamber wielen waren!
Wat fir eng Partei hat mer do gewielt? Margréitchen?
LSAP! Wéi ëmmer!
Firwat hate mer LSAP gewielt? Margréitchen.
Jang! Well mer LSAP ëmmer gewielt hunn!
Margréitchen! Dat ass alles schonn eng Éiwegkeet hir!
Ma! Jang, du sees et! 
Wéini ginn mer nës fir Chamberwahlen wielen?
2018? Firwat fréiss du dat? Jang!
Wéinst dem Sex!
Jang! Mer musse net méi wielen goen! Mat eisene 86 Joer!
An dann geet och keen Sex méi?
Een schéine Sonndeg! Egal wou Dir dësen Text liest!

Keine Kommentare:

Kommentar posten