Sonntag, 15. Januar 2017

Et kënnt sinn? (72) Gespréicher un engem Sonndegmueren

Et kënnt sinn? (72)

Gespréicher un engem Sonndegmueren

Moien Kréischel!
Et ganz schéine fonkelneien gudden Moien! Bopa!
Kréischel? Brauchs du Sue?
Neen! Bopa!
Wou ass Boma dann!
Déi ass nach beim Beschass vun de Woch!
Wéi sinn dann? De Boma, hir Gefuerderten?
Oh! Humpen Suss, Schockela Anna, Zaloten Märi, An een't vun de Wuezelsschwänz  vum Kierchbierg asw!
Wat hunn, si dann gezielt?
Dat ons Groussherzogin beim Empfank vun de Däitscher Bundes Kanzlerin, den Trainingskostüm unhat!
Deen éischten Moment hunn ech dat och geduecht! Kréischel!
Et war jo nëmmen eng Aarbecht Visite!
So, Bopa! Mäi Papp keeft jo elo all Woch de Privat?
Ass, hien dann elo vum Lämmes gebass ginn?
Säi Argument! Hien wëll wëssen wat am Land lass ass?
Do hun ech och esou dran gebliedert! 
So! Bopa!  Do hunn ech gelies, eise Chamber President wär verléift bis an déi déck Zéif! Hien hätt schonn véier Fraen an aacht Kanner?
Jo! Kréischel! 
Kuck wann de Bopa een Mäerchen schreift. Brauch hien och méi wéi een Blat Pabeier!
Wat huet dat dann ...! Et ass gutt Bopa!
An den Chef vun de LSAP an de Chamber! Hätt! Wann dat stëmmt! Een Schreifdësch vun de Belscher Grenz!
An dat mussen Mënschen wëssen! Kréischel! Ass dat wichteg?
Dat interesséiert dach keng Sau! Kréischel!
An ech, hunn menger Groussmamm, hire Wäschdësch  als Schreifdësch!
Huet op dengem Schreifdësch? Deng Groussmamm, Wäsch drop gemacht! 
Ah! Jo! Kréischel!An donochten gouf de Kichebuedem mam Wäschwaasser   geschruppt! An spéider hunn mer nës op dem Dësch giess! An Schoulaufgabe gemaacht!
Hat Deng Groussmamm nëmmen een Dësch? Bopa?
Jo! Kréischel!
Am Wanter wann Schwäin geschluecht gouf! Ass den Kichendësch an den Haff gestallt ginn! Fir Schwäin ze ze leeën!
Dat waren awer schwéier Zäiten! Bopa!
Am Zeitungsbuttek hunn se gezielt, de Feierkrop wär eng satiresch Zeitung fir déi Intellektuell?
Dat wës ech net! Kréischel! Méi et ass esou kleng  geschriwwen, dat ech den Feierkrop net liesen kann!
So Bopa! Wat séis vun de Sonndesfro!
Dat ass eng Spuer mat schwaarzer Séif! Wou CSV drop Kopplabunz schléit!
An hinnen Loft aus geet?
Bopa! Du bass haut negativ gelueden!
Ech ginn! Bis méi spéit!
Dass Gutt Kréischel! Dann liesen ech elo de "Privat" an de "Feierkrop"!

Keine Kommentare:

Kommentar posten