Freitag, 20. Januar 2017

Et kënnt sinn? (78) Mammesprooch

Et kënnt sinn? (78)

Mammesprooch

Moien! Bopa!
Moien! Kréischel! An wat seet Vollek!
Wat hunn se elo ee Gedeessems mat de Lëtzebuerger Sprooch! 
An dann héicht ee erëm, eis Mammesprooch!
Kréischel! Et ass déi Sprooch déi hei zou Lëtzebuerg am meeschten geschwat geet!
Kuck, Kréischel! Wéi de Bopa een Hireschlag gemaacht hat! 
Do louch ech vieerzeng Deeg, ze soen am Koma!
Wéi ech do nës op mäi Zëmmer koum sinn! Do konnt ech weder richteg schwätzen nach nach schreiwen!
Déi éischt Sprooch wou ech nës schwätzen konnt war Lëtzebuergesch! Méi spéit ass dat Däitsch an do dat Franséisch erëm koum! An esou war et och mam schreiwen!
Do hunn ech den Dokter gefrot? Firwat ass dat esou!
Dat ass esou, wéi dat am Gehir esou gespäichert gouf!
Wat deng Mamm mat der, als Puppelchen geschwat oder gesongen huet! 
As net bestëmmen fir Lëtzebuerger Sprooch, déi du spéider braucht fir dech mat aner Leit ze verstännegen!
Kréischel et ginn Kanner, déi eng Lëtzebuerger Mamm hunn! De Papp huet awer eng aner Sprooch! Da schwätzt Mamm, Sprooch vun hirem Mann! 
An Kand?
Dat léiert dann och déi Sprooch!
Bopa! Mammesprooch ass eng Séichen!
Jo! Esou ähnlech!

   

Keine Kommentare:

Kommentar posten