Samstag, 10. Dezember 2016

Et kënnt sinn? (31)


Et kënnt sinn? (31)

Ieselsechkeet vum Joer huet Geeschter zou Dikrech statt fond!
Wou Ieselin "Lola" an hirem Dafpätter, de President  vun de Chamber, sech méi no koum sinn!
No de "Dame en Tour" kënnt elo mam "Lola en Tour"? 
Elo waarden ech nach drop, datt eise Chamber President an de Diddelenger Kierch, Chrëscht Kand an de Krëppchen spillt?
Awer soss ass hien gudden Partei Kolleg, dem ech seng politesch Karriär héich urechnen. Dat mech heiansdo nervt, ass säi  Handy an Chamber! Ee Mann deen sech ëm seng Deckelsmouken am Gard këmmert! Ech wënschen Him an de LSAP, ee schéint an erfollegräicht nei Joer 2017 bei de Gemengewahlen!
Mäerchen Stonn an de Chamber, geet weider! De bloen Äerd Männchen, den ëmmer esou komesch kuckt um Riednerpult, hätt gären, datt de schwaarzen Houseker vun Schëffleng sech soll entschëllegen! Mat de Seesschen, datt den Kleeschen   mat sengem schwaarze Gesell, Hausverbuet an de Schoulen hätt!
Déi nei Steierreform ass net gerecht!
1,4% fir Staatsbeamten an alles wat drun hänkt!
Baueren schaffen nach ëmmer fir Kueder vum Haff!
Wënzer haten do méi Chance! Et gouf manner Wäin! Awer besseren Wäin!
An trotzdeem saufen Lëtzebuerger de bëllegen Fusel op de Chrëschtmäert!
An dat neist am Transport, ob de Bunn an och den TICE fueren och elo Nuets! An Gratis??? Esou eng Sort "Voiture ballaie"!
Awer déi Leit déi musse schaffe goen an de Woch musse bezuelen!
Ass dat vum Staat subventionéierten Konsum vum Alkohol  ?
Sauf bis dat du ëmfällst, de Staat bréngt dech sécher Heem?
Ass et iech léif Lieser vun mengem Blog nach net op gefall, datt eis Politiker vun der Reeseféiwer befal sinn!
Donneschdes zou Hamburg, Freideg zou Paräis! An ëmmer déi nämlech Gesiichter!
Ech hunn Hënt  gedreemt:" Eise Jang den Ausseminister, géif bei sengem Frënd F.W. Steinmeier: "Wann deen elo am Januar Bundespresident geet! Géif eise Jang an de "Villa  Schéin Aussicht"
Kummerdénger vun sengem Brochtfrënd ginn!
Wëll  den Een, ouni deen Aneren liewen kann!
Schued, ech sinn ze fréi erwächt!
Den Trump ass Mann vum Joer ginn! De Mann de gesot huet Belsch wär eng Stad?
De Gramegna geet Spëtzekandidat bei de Bloen am Süden!
An Affäre vum Direkter vum MUDAM, hänkt engem esou lues zu Hals eraus!
Internet Zeitungen ginn vum Staat subventionéiert! 
Elo musse mer nach Just definéieren wat eng Internet-Zeitung ass?
Fält mäi Blog och do drënner? 
  
 
          

Keine Kommentare:

Kommentar posten