Donnerstag, 17. November 2016

Hien kënnt net op Lëtzebuerg

 Hien kënnt net op Lëtzebuerg

Wou Lëtzebuerg,  déi gréissten Politiker an de EU stellt! 
Wann een eise Politiker nolauschtert, sinn si bal ëmmer déi éischt, déi Äerm eropstrëppen an Hänn späizen fir datt EU um Liewen bleift!
De ganze Kierchbierg ass zou gebaut mat elauter Tierm vun de EU!
Wann den amerikanesch President Obama bis op Lëtzebuerg koum wär! Datt ass net gaangen, mat all deene Chantieren an de Stad! Hätte mer net fir seng Sécherheet kënne garantéieren!
Dass schued wo mer dach elo mat den Amerikaner wëllen ze summen Asteroiden am Weltall fänken!
Datt ass Schued, wou Lëtzebuerg dat Land ass. Wou Firmaen nëmmen eng Bréifkëscht hunn!
Wat et alles vun Lëtzebuerger Kënschtler an eisen Musée zu bewonneren geet!
Lëtzebuerg ass eent vun den Grënner Länner vun de EU.
An eis Monarchie, déi 25 mol méi kritt am Joer, wéi Dir als amerikanesche President!
An dann wéi vill Sproochen an de Schoule geléiert ginn!
Lëtzebuerg ass ee NATO Land!
Déi schéin zerstéiert Landschaften fir eis Laangzäitpolitik!
Dee gutt erhalen amerikaneschen Militärkierfecht zou Hamm!
Elo ass eis Land nach eenegermoossen kucke wäert!
Wann de Jeremy Rifkin, een amerikanesche Visionär, seng Visiounen ëmgesat huet, dann kennt ee Lëtzebuerg net méi erëm! Ech houlen un datt dir Här President de grousse amerikaneschen Wirtschaftswëssenschaftler kënnt? Hien wëllt hei an Zesummenaarbecht mat eisem Wirtschaftsminister aus eisem schéine Lëtzebuerg,  een Laboratoire schafen, wou déi ganz Globalwirtschaft  op de Leescht geholl geet!
Här Obama eleng schonn dee Lëtzebuerger Kascht, dat hätt Dir missen schmaachen. 
Eis Lëtzebuerger Spezialitéit, Judd mat Gaardebounen mat engem gudden Pättchen Wäin vun de Musel!!
Ee Besuch vun Iech op Lëtzebuerg! 
Eise Ausseminister den Jean Asselborn déi muss Dir dach kënnen! Den an engem Joer Länner an de ganzer Welt besicht!
Jo! Ech wës datt Dir dat fäerdeg bruecht an deenen aacht Joer vun ärer Presidentschaft!  
Mer sinn zwar een klengt Land! 
Awer politesch, esou geet  eis ëmmer gesot, sinn mer déi Gréisst an de EU! Mer hunn méi Banken wéi Postbüroen!
Dass schued Här Obama, mer hätten Iech gären Schengen gewisen!  Datt Duerf, wat steet fir de Fräie  Raum ouni Grenzen an de EU steet!
An elo ass Zäit vun de Boxemännercher!
Trotzdeem eng gutt Heemrees!

Keine Kommentare:

Kommentar posten