Et kënnt sinn? (9)
Hunn an enger Loftblos mat menger Vergaangenheet gelieft!
Wou ech dem LAV, de LSAP, dem Fräidenker Bond an de Anäscherung bei getrueden sinn! Dat war 1949!
Geeschter ass déi Loftblos geplatzt, an ech stoung an enger irrealer Welt, wou ech esou muenches net méi verstanen hunn!
Mäi Kollege an President vum OGB-L, huet als Verwaltungspresident vun de Editpress als President demissionéiert!
Bäi mer hunn ech geduecht, du liefs an enger verkéierter Welt!
Een fréieren President vun menger Gewerkschaft dem OGB-L, demissionéiert als President vun menger Gewerkschaftszeitung, wëll dat net kompatibel soll sinn, mat sengem Posten am Verwaltungsrot vun de Spuerkeess!
Mäin éischte Gedanken war, hien geet villäischt President vum Verwaltungsrot vun de Spuerkeess!
D'Aarbechter sinn an de leeschte Joeren oft enttäuscht ginn vun Leit, deenen si vertraut hunn! War vun de fester Iwwerzeegung, datt ee President vun enger Fräier Gewerkschaft den de Choix huet am Verwaltungsrot vun de Spuerkeess misst demissionéieren!
Dat ass bal esou wéi wann ee Chrëscht, dem Poopst géif ee klengen Kéipchen op Trap vum Vatikan drécken!
Dat ass bal esou wéi wann ee Chrëscht, dem Poopst géif ee klengen Kéipchen op Trap vum Vatikan drécken!
Hien bléift awer nach President vun der Aarbechterkummer!
Dat sinn alles perséinlech Entscheedungen, dat mussen si mat hirem Gewëssen an d' Rei kommen!
Wann een haut am "t" liesen konnt. Datt Werbe Aktioun mat de Poche, fir datt Fraen sech méi sollen fir Gemengepolitik intresséieren duerch de Pochen Aktioun. Datt dat aus dem Zentrum kënnt! Ass alles gesot!
De franséische President François Hollande seet den 10 Dezember 2016 op hien nach eemol untrëtt fir franséische President ze ginn! Oder? Net!
Firwat esou laang waarden!
Firwat esou laang waarden!
Mer liewen an enger verréckter Welt!
Nach eng Fro un Madame Cahen, datt dat nächst Joer nach 2000 Asylanten op Lëtzebuerg sollen kommen? Wéi vill Dierfer musse mer nach bauen?
Dat schaffen mer net!
Nach eng Fro un Madame Cahen, datt dat nächst Joer nach 2000 Asylanten op Lëtzebuerg sollen kommen? Wéi vill Dierfer musse mer nach bauen?
Dat schaffen mer net!
Keine Kommentare:
Kommentar posten