Montag, 21. November 2016

Et kënnt sinn? (6)

Et kënnt sinn? (6)

Et kënnt sinn, datt esou Galaen vum Route Kräiz opzitt. An  déi Leit déi op deenen Galaen sinn, ginn dohinner fir Sue ze spenden? Awer och fir sech an Fënster ze stellen, fir datt jiddereen gesäit,wat si fir gutt Mënschen sinn!
An Monarchie ass och vertrueden duerch Grand Duchesse  Marie Teresa!
Wat huet den europäeschen Adel, dozou bäigedroen fir d' Aarmut an de Welt ze reduzéieren?
Ech kommen nach eemol op dat ze réck wat ech geschriwwen
hunn! 
Een dee Sue wëll spenden fir eng Human Hëllef, brauch dofir sech net an säi beschte Fuedem ze werfen!
Och, ech gouf an engem Kommentar gefrot."Op ech da keen gudden Kostüm an mengem Schaf hänken hätt"!
Ech géif dem Mënsch, deen esou Froen stellt, soen dat ech déi gutt Kostümer all verschenkt hunn!
Bei mengem kriteschen Schreiwen, wou ech all Dag an mengem Blog verfaassen, kënnt et net drop un, wat ech vun Gezäi unhunn!
An ëm déi Millioun Lieser, déi meng Blog gelies hunn an och weider liesen, brauchen och keen Frack unzedoen!
Kapital vun engem Fräidenker, ass  seng perséinlech Meenungsfräiheet, an lieft an enger Welt. Wou de Luxus net de  Sauerstoff ass, wéi bei de Räichen, fir ze iwwerliewen!
Een kann iech soen et stierft sech méi einfach, wann een vir un sengem Doud villes verschenkt huet, un Leit déi et brauchen! An meng Anäscherung ass och bezuelt.
Loosse mer mol nëss zu de politescher Realitéit hei am Land ze réck kommen!
Geeschter um RTL am Kloertext! War eraus ze héieren, datt net all Bierger, wëll blann mat lafen, an déi néi visuelle Welt déi ëm Wirtschaftsminister virschwieft!
Et ass gutt dat Aarbechterkummer seet, ee sou einfach geet dat net!
Wou ass Garantie, datt bei dem ganze visuellen Gedeessems, net eng ganz Generatioun op de Streck bleift!
De Wirtschaftsminister meng mat den elektreschen Autoen, géifen
nei Aarbechtsplazen geschaaft ginn!
Här Minister an Parteikolleg, just nach eng Fro? Wat geschitt no 10 bis 15 Joer mat all deene Batterien aus den Autoen? Wéi ginn déi entsuergt?
Eis Gesellschaft huet schonn haut Problemer fir deen digitalen Schrott ze entsuergen!
Déi digital Revolutioun wäert mat sech bréngen, duerch Globaliséierung den digitalen Koup Schrott sech weider vergréisseren!
Wat geschitt mat eiser Gesellschaft no de digitaler Revolutioun mat de Mënschen, déi  ouni hir Verschëlden fir um Näischt stinn!
Kommen mer,  mengem Essai "2050" de Realitéit ëmmer méi no!
Dat sinn keng gutt Aussiichten!
Hoffen, datt bis déi Visiounen an Fantasteréieren ëmgesat ginn, Vollek Méiglechkeet kritt ze soe Stopp, elo geet et duer!
Ech spieren un menger politescher Ëmwelt! Een deen Regierungspolitik kritiséiert, ass  fir si een Populist!
Et ass keng Schan Populiste ze sinn!
Natierlech wann een de Populismus an eng ultra-riets Partei wëllt ëmsetzen!
Kritt ee Problemer!

Keine Kommentare:

Kommentar posten