Mittwoch, 16. November 2016

Et ass fënnefanzwanzeg op hallwer Zwielef


Et ass fënnefanzwanzeg op hallwer Zwielef

Et deet sech eppes an Europa, an och hei zou Lëtzebuerg!
Et kann sinn, dat déi Sozial Revolutioun fir un de Digitaler Revolutioun kënnt!
Et leid een Niwwel vun de Onsécherheet iwwert dem Land! An Politiker hunn kéng Äntwert ob déi schläichend Belaaschtung fir Bierger!
Et lafen friem Bierger duecht Land, ouni dat si registréiert sinn!
Kee wäiss wéi se heeschen an aus wat vir engem Land se kommen!
Fréier hun déi all Leit gesoten! Wann Politiker so vill doruechter reesen, dann rabbelt geschwënn!
Den Aarmut heelt an Europa zou! Politiker betruechten Mënschen am Aarmut als ee niewen Produkt vun de Globaliséierung an de neo-liberaler Politik! Deen erschafften Méiwäert geet net mat den Mënschen richteg verdeelt! Déi Mënschen wou mat hirer Aarbecht  déi Beneficer an Räichtum schaffen, sinn déi nei Sklaven an de Welt vun de Aarbecht!
Wann ee virun Joeren déi Biller aus Amerika gesinn huet! Wou Leit méi verschidden Aarbechten  hunn misse maachen fir ze iwwerliewen , wéi se Fangeren un enger Hand hunn!
Deemools huet ee Geduecht dat geet an Europa ni!
Haut aus Realitéit an Europa ukoum! Hei zou Lëtzebuerg ass net esou oft! Wann ech mer Noriichten am  däitsche Fernsehen ukucken! Ass Däitschland trotz hirem Wirtschaftsopschwong! Fir déi Leit déi hiert Liewen laang geschafft hunn, een Aarmenhaus!
Deen ganzen Aarmut ass zou stane koum, mam däitsche Finanzminister senger schwaarzer Null!
Et sinn déi kleng Ongerechtegkeeten, déi Leit an Äerm vun de populisteschen rietse Parteien dreiwen!
Op passen dat mer no de nächste Wahlen eng Regierung hunn, déi mer net wëllen!  

Keine Kommentare:

Kommentar posten