Demokratie ass een Sensibelchen
Wann een Geeschter dem nach Amerikaneschen President Obama bei senger Ried nogelauschtert huet. Hat hien ni déi richteg Hand fir Demokratie an de Praxis ëmzesetzen!
Wat fir een Regierung-Chef bréngt et fäerdeg eng Kuppefräi Demokratie ëmzesetzen!
Esou ee Politiker muss nach gebueren ginn?
Bei de bestëmmten Wahlen, ass Demokratie eng Viraussetzung?
Dono wann wann Stëmmen ausgezielt sinn! Déi vum Wieler bestëmmten Kandidaten feststinn!
Dann fänkt Gemauschels un!
Dann ass no de Koalitiounsgespréicher, an jidder Partei esou vill Waasser an säi Wäin geschott! Dat Demokratie net méi ze drénken fir de Wieler!
An Regierung kommen Leit vun baussen, déi net vum Vollek gewielt goufen!
An sëtzen Leit an de Chamber, déi nom Wëllen vum Bierger zimlech hannen ze fannen sinn!
Dann hellt Regierung hir Aarbecht op! Fir éischt muss all Minister Austeritéitspolitik vun de Regierung, an sengem Ministère emsetzen!
Dann ass Demokratie schonn déi éischt kéier Trapp erof gefall!
Demokratie ass an bleift eng Mimosse!

Keine Kommentare:
Kommentar posten